Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich keeft 12 zousätzlech Caesar-Kanoune fir d'Ukrain

Ukrainkrich

Frankräich keeft 12 zousätzlech Caesar-Kanoune fir d'Ukrain

Frankräich huet sech bereet erkläert, fir 12 zousätzlech Caesar-Kanoune fir d‘Ukrain ze kafen. Dat huet den Arméisminister um Optakt vun der sougenannter Artillerie-Koalitioun zu Paräis annoncéiert.

auto_stories

1 min

Un där bedeelegen sech d‘Arméisministeren aus 23 Länner, souwéi d‘Ukrain selwer. Frankräich huet d‘Alliéiert do och opgeruff, fir een Effort ze maache fir 60 weider där Caesar-Kanounen ze bezuelen, fir esou déi militäresch Capacitéite vu Kiew géint Russland ze stäerken.

Russland huet hënt d‘Ukrain op en Neits mat Dronen a Rakéite bombardéiert. 22 vun 33 Dronen aus iranescher Produktioun hätte kënnen ofgeschoss ginn, huet déi ukrainesch Arméi gemellt. An der Regioun Charkiw koum eng Zivilistin bei enger Rakéitenattack ëm d‘Liewen.

Och vun ukrainescher Säit gouf et nees Loftattacken op russesch Ziler. Een Ugrëff op Moskau hätt kënne verhënnert ginn, huet de Buergermeeschter vun der Haaptstad matgedeelt.