Sechs Männer am Alter tëscht 36 an 61 Joer goufe festgeholl. Eng Millioun Fotoen a Videoe goufe konfiszéiert.
Hinne gëtt ënner anerem Vergewaltegung vu Mannerjäregen ënner 15 Joer a Prostitutioun vu Mannerjärege virgehäit. D‘Material ass iwwer de russeschen Onlineservice ICQ ausgetosch a verbreet ginn. D‘Kanner goufen dobäi erpresst a forcéiert, explizit Fotoe vu sech ze verschécken.