D‘Uklo huet ee Joer Prisong mat Sursis gefuerdert. Déi maximal Strof ass fënnef Joer Prisong an eng Geldstrof vun enger hallwer Millioun Euro.
Den Eric Dupond-Moretti kritt virgehäit, seng Positioun als Justizminister ausgenotzt ze hu fir Sträitfäll aus senger Zäit als Affekot ze reegelen.
Hien dementéiert d‘Virwërf. Wann hie verurteelt gëtt wäert de Justizminister mat grousser Warscheinlechkeet net an der Regierung kënne bleiwen.