Haut gëtt den amerikanesche Verdeedegungsminister Lloyd Austin fir eng Visitt an Israel erwaart. Dem Wäissen Haus no wéilt hie mat den israeelesche Militärcheffen an der israeelescher Regierung Diskussioune féieren, fir d‘Zuel vu Bombardementer an den Aktioune vun den israeelesche Buedemtruppen an der Gazasträif reduzéieren.
An der Gazasträif huet déi israeelesch Arméi eegenen Aussoen no dee bis elo gréissten Tunnel vun der Hamas entdeckt. Den Tunnel soll véier Kilometer laang a breet genuch sinn, fir mat Autoen derduerch ze fueren, sou en israeelesche Militärspriecher.