493 Deputéiert hunn d’lescht Woch an der Assemblée Nationale dofir gestëmmt, d’Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung opzehuelen, just 30 Stëmme waren dogéint. D’lescht Joer hat de President Macron ugekënnegt, d’Ofdreiwung, op franséisch IVG, op dës Manéier besser ze protegéieren, elo muss awer nach de Senat zoustëmmen. Den 28. Februar kënnt et hei zum Vott, deen awer méi knapp wéi deen an der Assemblée dierft ausfalen. De Senat gëtt vun der Droite dominéiert, de konservative Senatspresident Gérard Larcher hat sech op france info scho kloer positionéiert: d’Recht op Ofdreiwung wier net a Gefor, d’Constitutioun kee Katalog vu gesellschaftleche Rechter.
Eng Ofsécherung fir d'Zukunft
Fir déi fréier Familljeministesch an haiteg Senatrice, Laurence Rossignol, geet et bei der Inscriptioun vun der IVG awer ëm eng Ofsécherung fir d’Zukunft. Iwwerall wou Rietspopulisten un d’Muecht kommen, wier d’Recht op Ofdreiwung menacéiert, dat hätt een a Polen, Ungarn an och an den USA gesinn, wou de Supreme Court 2022 dëst Recht gekippt hat. Firwat sollt et a Frankräich anescht sinn?
D’Beispill aus den USA hätt a Frankräich e Mentalitéitswiessel ervirbruecht, seet d’Affekotin Rachel-Flore Pardo, et wier gutt datt d’Politik a Frankräich net passiv bleift ugesiichts vun de Signaler aus dem Ausland.
D'Recht, mee net den Accès op Ofdreiwung gëtt garantéiert
An der Assemblée wollt een am Text den Terme Droit festhalen, de Sénat wëll den Terme liberté. Am aktuellen Text huet d’Regierung sech fir de Kompromëss “Liberté garantie” entscheet, wat den Text awer net schwächt.
Den Text garantéiert d’Recht op eng Ofdreiwung, net awer den Accès, dee besonnesch am ländleche Raum dacks nach schwiereg ass. Dat wier awer eng aner Diskussioun, seet d’Laurence Rossignol, d’Verfassung kéint net d’Effikassitéit vun der Politik garantéieren.
Sollt de Senat zoustëmmen, wier et net nëmmen eng national Victoire, seet d’Laurence Rossignol, mee och ee staarkt Signal un d’Frae weltwäit, déi op ville Plazen nach ëm dëst Recht kämpfen a fäerten.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.