Am ganze goufen 32 Artikelen, déck 40 Prozent vum ganzen Text, deelweis verworf. Si goufen als „cavaliers législatifs” bezeechent, déi näischt mam eigentlechen Text ze dinn hunn. Dozou gehéiere méi e schwieregen Accès zu Sozialleeschtungen, d’Zesummeféiere vu Familljen oder d’Aféiere vun enger Retourkautioun fir auslännesch Studenten.
Och d’Aféiere vu Migratiounsquote gouf zum Deel zeréckgewisen. Den Inneminister Gérald Darmanin, deen den Text deposéiert hat, hat selwer erkläert, datt verschidden Artikelen eendeiteg géint d’Verfassung géinge verstoussen.