Radioen

On air

Resonanzen  |  Resonanzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich: Bauereprotester gi virun

Méiglech Perturbatiounen op der A31

Frankräich: Bauereprotester gi virun

Bis den Owend zéng Auer blockéieren déi franséisch Bauere verschidden Autobunnen, notamment och d‘A31 op der Héicht vun Diddenuewen. Dat an déi zwou Richtungen.

auto_stories

1 min

Bauere protestéieren op der Autobunn | © Ana Angel
Bauere protestéieren op der Autobunn (Foto: Ana Angel)

De Protest hat gëschter ugefaangen, an de Verkéierschaos war deementspriechend grouss. Manifestéiert gëtt ënnert anerem géint déi héich Spritpräisser an d’Ëmweltoploen, mee och géint d’Importatioun vu Produiten, déi een och a Frankräich produzéiere kéint.