Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich: 3 Poliziste wéinst virsätzlecher Gewalt zu Prisong mat Sursis verurteelt

Policegewalt

Frankräich: 3 Poliziste wéinst virsätzlecher Gewalt zu Prisong mat Sursis verurteelt

Zu Bobigny am Frankräich si gëschter dräi Poliziste wéinst virsätzlecher Gewalt zu Prisong mat Sursis verurteelt ginn. Si kruten tëschent dräi an zwielef Méint, an dierfen zwee, respektiv fënnef Joer net méi als Polizist schaffen.

auto_stories

1 min

Et war d‘Urteel an enger Affär, déi viru siwe Joer fir staark Protester a Frankräich gesuergt hat. Den deemools 22 Joer alen Theodore Luhaka war bei enger Persounekontroll vun der Police mat engem Knëppel schwéier um Hënner blesséiert ginn. Et gouf e Video vum Tëschefall, deen doropshin zu Ausschreidunge gefouert huet.