Radioen

On air

9 bis 1  |  MonoNeon - Invisible

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Frankräich: 109 Milliarden Euro fir d'Kënschtlech Intelligenz

Technologie

Frankräich: 109 Milliarden Euro fir d'Kënschtlech Intelligenz

Haut Méindeg a muer Dënschdeg ass zu Paräis e grousse Sommet iwwer Kënschtlech Intelligenz, a wéi ee sech un dës Technologie soll upassen. De franséische President Emmanuel Macron huet de Sonndeg een Interview ginn an e groussen Investissement ugekënnegt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Zwee Deeg laang dréit sech am Paräisser Grand Palais alles ëm d'Theema Kënschtlech Intelligenz. Niewent Industrievertrieder wéi dem OpenAI Chef Sam Altman oder dem Google-Chef Sundar Pichai kommen och Politiker wéi den däitsche Kanzler Olaf Scholz, d'EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen, den amerikanesche Vizepresident JD Vance oder den indesche Premier Narendra Modi op Paräis.

Fir Lëtzebuerg wäerten de Premier Luc Frieden an d'Justizministesch Elisabeth Margue um Sommet deelhuelen. De franséische President Emmanuel Macron huet de Sonndeg Owend an engem Interview mat France 2 schonn e klenge Virgeschmaach op de Sommet ginn an ugekënnegt, datt Frankräich an den nächste Joren e signifikanten Investissement vun 109 Milliarden Euro an d'KI wäert erliewen.

Konkurrenz zu den USA

Dës 109 Milliarde wiere mam amerikaneschen Investissement Stargate vu 500 Milliarde gläichzesetzen. Dës Sue géifen op verschidden Investisseure verdeelt ginn, d'Vereenegt Arabesch Emiraten eleng sollen e groussen Datenzenter a Frankräich fir 30 bis 50 Milliarde bauen. De Rescht kënnt vun amerikaneschen a kanadeschen Investmentfongen a franséischen Entreprisen. Den Emmanuel Macron sot, d'KI hätt e groussen Notzen a kéint a ville Secteuren d'Aarbechtsofleef vereinfachen. Mee et dierft een och net d'Geforen, zum Beispill duerch Deepfakes, ausser Uecht loossen. Dofir fuerdert de Macron eng besser weltwäit Reguléierung vun dëser Technologie fir eng KI am ëffentlechen Interêt opzebauen.

Lauschterenplay_arrow