search

/ François Benoy: "déi gréng sinn de beschten Alliéierte vun de Baueren"

Politik

|
headphones

5 min

headphones

14 min

play_arrow

François Benoy: "déi gréng sinn de beschten Alliéierte vun de Baueren"

D’Walnéierlag vun 2023 ass verkraaft. Dat seet de Co-Parteipresident vun déi gréng, de François Benoy, am 100,7-Interview. Eppes aneschters wier an den aktuellen Zäiten och net vu Virdeel: International Konflikter, mouvementéiert Zäite fir d'Regierung an e vill diskutéierte Mercosur-Accord.

headphones

5 min

headphones

14 min

play_arrow
François Benoit (déi gréng) | © radio 100,7
François Benoit (déi gréng) (Foto: radio 100,7)

Mëttlerweil wier een an der Roll vun der Oppositioun ukomm. Hir Deputéiert géinge vill schaffen, de Fanger an d’Wonn leeën, an och Alternative virweisen, mengt de grénge Politiker.

Effektiv sinn déi rezent Sondagen nees méi positiv fir d’Partei ausgefall. Dat géing ee gäre mathuelen, esou de François Benoy. D’lescht Joer hätt een iwwerdeems 60 nei Membere bäikritt, esou datt d’Partei elo iwwer 1.000 Memberen huet.

Aus de Feeler léieren

No de Walen 2023 hunn déi deemoleg Co-Parteipresidenten Djuna Bernard a Meris Sehovic eng Analys ugekënnegt, fir zesummen no Feeler ze sichen. Conclusiounen aus deem Reflexiounsprozess sinn awer ni mat der Ëffentlechkeet gedeelt ginn.

Et wieren awer eng Rei Saache festgehale ginn, seet de François Benoy.

“Déi intern Kommunikatioun, d’Abannung vun de Memberen, déi extern Kommunikatioun. Dat si Saachen, déi setze mir schonn zënter enger Rei Joren ëm.”

Problemer mam Numm nennen

Deene Grénge gëtt dacks nogesot, desagreabel Wourechten op den Dësch ze bréngen, an dofir och onkamoud Fuerderungen ze stellen. Eppes, wat d’Leit net gären héieren. Misst een also net probéieren, de Leit besser ze gefalen, fir bei Walen net esou ofgestrooft ze ginn?

Grad an der mouvementéierter Zäit, an där mir sinn, esou de François Benoy, wier et wichteg, d’Saache kloer ze benennen. Sech “wech ducken”, wéi een et an der Lëtzebuerger Aussepolitik beispillsweis géing gesinn, géing zu näischt féieren.

Trotzdeem wéilt een net an der Negativitéit ënnergoen, mee “positiv Visiounen” entwéckelen.

"Eng Regierung, déi immens kuerzfristeg denkt"

Mat Hibléck op déi nächst Walen ass et sécherlech och net falsch ze behaapten, datt een als Partei e bësse Chance brauch, datt Theemen op d’Tapéit kommen, mat deenen ee sech profiléieren an differenzéiere kann. Dat géing aktuell gutt geléngen, mengt de Co-Parteipresident, schliisslech géing d’Regierung hinnen et “relativ einfach” maachen.

“D’Hallschent vun der Legislaturperiod ass erreecht a mir gesinn eng Regierung, déi immens kuerzfristeg agéiert. Vergaangen Aquie futti mécht, bei der Steierreform net differenzéiert virgaangen ass. De Sozialdialog ass um Buedem an d’Pensiounsreform huet den Numm Reform net verdéngt.”

E Bléck op déi zwou lescht Sonndesfroe weisen: Am Mee 2025 hätten déi gréng 7 kritt, am Dezember just nach 5. Konnt sech d’Partei beim groussen Theema vun der zweeter Hallschent vum Joer, nämlech dem Sozialdialog, net genuch profiléieren?

Dach, mengt de François Benoy, a weist op e “ganz aktiivt Positionnement” vu senger Partei an deem Dossier hin. Hie betount och, datt de Sozialdialog mat der leschter Regierung gutt funktionéiert hätt.

Kritik un der Steierreform

Kritik gëtt et vun deene Gréngen och un der Steierreform. Zwar géing et just Gewënner ginn, mee et stéiert ee sech um Fakt, datt och déi Leit mat engem decke Portmonnie profitéieren. Driwwer eraus wäert dës Reform e grousst d’Lach an de Staatskeesen hannerloossen, warnt de François Benoy.

Den Dossier wier stellvertriedend fir de Rescht vun der Regierungs-Politik: Et wéilt ee sech mat kuerzfristegen Aktioune bis bei déi nächst Wale retten, kritiséiert de grénge Co-Parteipresident.

Mercosur: "Keng Plus-value fir Lëtzebuerg"

Och op europäeschem Niveau leie mouvementéiert Deeg hanner deene Gréngen. Hir Europadeputéiert Tilly Metz huet am Kader vum Mercosur-Accord dofir gestëmmt, datt deen Accord nach emol vum Europäesche Geriichtshaff iwwerpréift soll ginn.

Dat wier och richteg esou, verséchert de François Benoy. Den Accord wier Joerzéngten al, schlecht fir d’Ëmwelt, d’Wirtschaft an d’Gesondheet vun den EU-Bierger:innen. “Et gëtt keng Plus-value fir Lëtzebuerg”.

François Benoy rechtfertegt grénge Vott am Europaparlament

Allerdéngs ass d’Fro vun der Kohärenz opkomm: D’Tilly Metz huet – wéi och eng Majoritéit vun deene Gréngen am EU-Parlament – zesumme mat der Extrême droite fir d’Iwwerpréiwung vum Accord gestëmmt. Eppes, wat fir Kritik aus den CSV-Reie gesuergt huet, déi eng Erklärung gefuerdert hunn

“D’CSV lenkt vum Haapttheema of. Och d’Baueren zu Lëtzebuerg si kritesch vis à vis vum Accord. Et freet ee sech, wéi CSV-Politiker wéi d’Martine Hansen oder de Christophe Hansen sech nach am Spigel kënne kucken.”

Déi faméis Brandmauer géint Rechts wier an deem Fall net ignoréiert ginn, betount de François Benoy. Vill méi wieren et déi Gréng selwer gewiescht, déi dës Propos gemaach haten. Et wier een dofir net aktiv Stëmme bei d’Extrême droite siche gaang. Net esou, wéi d’EVP dat “systematesch” géing maachen, ënner anerem bei den Theeme Klima, Deforestatioun a Migratioun, erkläert de François Benoy.

Et wëllt een der Bauerewelt e Gefale maachen. Bëssen ironesch, wann ee weess, dat grad d’Bauere keng Chance ausloosse fir op déi gréng ze klappen. Et wier ee wéineg nodroend, esou de François Benoy, dee betount, datt déi gréng “de beschten Alliéierte vun de Baueren ass”, well een no Léisunge sicht fir am Aklang mat der Natur ze schaffen.

 

play_arrow Lauschteren