Et ginn éischt Indikatioune fir een Accord mat der Hamas iwwert d‘Fräiloossung vun israeelesche Geiselen. Dat sot den israeelesche Minister Benny Ganz. Detailer huet hie keng genannt, dofir awer präziséiert, datt Israel bereet wier, fir eng Offensiv an der Stad Rafah an der Gazasträif, wann de Geiseldeal net zustane kënnt.
De Martin Griffiths, Nouthëllefskoordinateur vun der UNO huet een Appell un d‘Ausseminister vum G20 lancéiert: Si sollen de Krich an der Gazasträif stoppen, esou seng Fuerderung. D‘Ausseminister sinn zu Rio de Janeiro zesummen.
De Griffiths sot, humanitär Organisatioune géifen alles maachen, fir dat onendlecht Leed vun de Palestinenser ze verklengeren. Israel géif awer zum Beispill ëmmer nach d‘Liwwerung vun Hëllefsgidder bremsen. Béid Parteie géifen sech net un déi elementar Punkte vum Vëlkerrecht an de Mënscherechter halen.