Radioen

On air

Concert  |  Chrëschtconcert

play_arrow Live
search

/ Fraerechter si Mënscherechter

Fräie Mikro

Fraerechter si Mënscherechter

Déi allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter si nach ëmmer aktuell a nach ëmmer net ëmgesat. Firwat mir all dofir Verantwortung sollten iwwerhuelen, doriwwer schwätzt d'Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender an hirem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

D’Isabelle Schmoetten vum CID - Fraen an Gender. | © radio 100,7 play_arrow

Leider si mir vun der tatsächlecher Realiséierung vu gläicher Würd a Rechter vu Mënschen, déi sech mat Vernonft a Gewëssen a Solidaritéit begéinen, nach wäit ewech.

Och Fraerechter si Mënscherechter. 1981 ass d'CEDAW Konventioun fir d'Verhënnere vun Diskriminéierung vu Fraen a Kraaft getrueden. Mee a kengem Land vun der Welt ass Gläichberechtegung erreecht. An et ass wichteg ze benennen, wéi eng Konsequenzen dat huet:

Haislech Gewalt, Fraenhandel, Zwangsprostitutioun, weiblech Genitalverstümmlung, Zwangsbestietnes, Verbuet vun der Kontroll vu Gebuerten a vu Schwangerschaftsofbréch, Vergewaltegung als Krichswaff, d'Aschränkung vu politeschen a soziale Rechter an ongläich Bezuelung gehéieren zu den Diskriminéierungsformen, deene Meedercher a Fraen alldeeglech a weltwäit ausgesat sinn.

Strukturell Diskriminéierung, och zu Lëtzebuerg

Fir dës Resultater vu feelender Gläichberechtegung ze bekämpfen, muss de strukturellen Aspekt vun deenen Diskriminéierungsformen erkannt ginn. Misogynie, also den Haass op Fraen, huet Systematik. Fir dat ze änneren, brauche mir eng staark a feministesch Politik, eng Justiz, déi hir Aarbecht mécht, eng Zivilgesellschaft, déi wachsam ass, mee eben och eng Gesellschaft, déi sech bewosst an aktiv zu de Mënscherechter bekennt.

Och wa mir zu Lëtzebuerg an enger ganz privilegéierter Situatioun sinn, verglach mat anere Länner op der Welt, ass och hei d'Gläichstellung net erreecht a ginn et och hei extrem Forme vun Diskriminéierung vu Meedercher a Fraen.

Aus der Bull erauskommen a Verantwortung iwwerhuelen

Gläichzäiteg ass et wichteg net d'Verantwortung vum Eenzelen ewech ze huelen.

An enger Lëtzebuerger Gesellschaft, wou mir vill a Bulle liewen a wéineg aus de Bullen erauskommen, wou mir vill individualistesch denken an handelen, wou mir och vill iwwerfuerdert a vläicht och depriméiert an hoffnungslos sinn vun de Sujeten aus der Weltrealitéit, däerfe mir trotzdeem eis Verantwortung fir d'Geschéie ronderëm eis net ofginn. Villäicht musse mir versiche manner d'Laascht vun der Welt op eise Schëlleren ze spieren, manner ideologesch wëllen ze denken, manner moraliséieren ze wëllen a méi op eist individuellt Handelen ze kucken a wou mir selwer - am Groussen oder am Klengen, konkret eng Roll spille kënne fir eng méi gerecht Gesellschaft ze schafen. Sief et als Staatsbeamtin, als Aktivist, als Nopesch, als Persoun, déi Tram fiert oder akafe geet, als Elterendeel oder Partnerin.

Wéi verhalen ech mech?

Wéi verhalen ech mech a menger Partnerschaft? Respektéieren ech meng Partnerin/mäi Partner, respektéieren ech hir/seng Grenzen a begéine mir eis unerkennend a frëndlech?

Wéi verhalen ech mech vis-à-vis vu mengen Aarbechtskollegen a Kolleginnen a vis-à-vis vu mengen Employéen? Ënnert wéi enger Konditioune schafft meng Botzfra? Wéi ginn ech mat de Kanner a mengem Ëmfeld ëm? Kennen ech d'Kannerrechter an halen ech mech drun?

Wéi reagéieren ech, wann ech Diskriminéierung beobachten? Kucken ech ewech? Gräifen ech an? Op wiem seng Säit stellen ech mech? Wéi reagéieren ech op eng Persoun, déi mir vun hirer Diskriminéierungserfarung erzielt? Hunn ech en oppent Ouer? Verurteelen ech se? Hunn ech Matgefill?

Gesetzer kënnen nach sou gutt sinn. Wa mir Mënschen eis individuell net drun halen a wa mir hir allgemeng Anhalung net bei eisen Autoritéiten afuerderen, brénge se leider net vill.

Lauschterenplay_arrow