Radioen

On air

Notturno  |  Earth Flower - Nature's Piano

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ FrEsch ASBL: Gemengerot krut Abléck an all déi gefuerdert Dokumenter

Gemeng Esch

FrEsch ASBL: Gemengerot krut Abléck an all déi gefuerdert Dokumenter

An der Affär ronderëm d’FrEsch ASBL kruten déi Escher Gemengeréit haut alleguer d’Dokumenter, déi se gefuerdert hunn – also och déi vun der Oppositioun. Gëschter nach hat den Escher CSV-Buergermeeschter Christian Weis op RTL gesot, datt de Gemengerot schonn Asiicht an d’Haaptbicher vun der Kultur-ASBL kritt hätt. Dat war awer net wouer. 

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Op Nofro hi gëtt den Escher CSV-Buergermeeschter zou, datt hie gëscht falsch Informatioune gehat hätt.

"Ech krut vu verschiddene Sourcë confirméiert, datt d‘Gemengeréit d’Dokumenter scho kritt hätten. Ma dat war e Mëssverständnes."

Buergermeeschter "net nëmmen de Mediateur"

D’Oppositioun hat doropshin de Moien e Bréif un de Buergermeeschter geschriwwen an deem se dat bestridden hunn an d'Dokumenter nach emol gefuerdert hunn. Dobäi hu se de Christian Weis och kritiséiert, datt hien am Interview sot, datt hie seng Roll just als Mediateur gesäit. Dozou de Steve Faltz vun der LSAP. 

"Ech si schonn der Meenung, datt hien do wollt schlichten. Ech denken, datt dat säi Wonsch ass. Mee et war just fir hien drun ze erënneren, datt hie Responsabilitéiten an deem Dossier huet an net nëmmen de Rôle vum Mediateur."

Ugangs der Woch hat Reporter.lu iwwert finanziell Ongereimtheete beim Escher Kulturveräi bericht. Ënnert anerem war rieds gaang vun enger Pizzas-Rechnung vun 1.450 Euro, ouni awer Detailer ze nennen.

An engem Communiqué schreift d’FrEsch ASBL, datt et sech ëm eng Rechnung vun engem Foodtruck gehandelt hätt. Et wier drëms gaangen, ronn 300 Leit op 2 Vernissagë mat 80 Pizzaen ze bekäschtegen, wat 4,7 Euro fir d’Iessen op de Kapp ausgemaach hätt.

Christian Weis oppe fir eng Reform

FrEsch fuerdert dann och en Droit de réponse vu Reporter.lu a vum Lëtzebuerger Wort ënnert anerem dowéinst.

Onofhängeg dovun huet sech de Buergermeeschter Christian Weis op Nofro hi bereet gewisen, iwwert eng Reform vun de Missiounen an der Gouvernance vun der FrEsch ASBL ze diskutéieren. Dat zum Moment wou och d’Statute wäerten ugepasst ginn.

FrEsch wëll méi transparent ginn

Och d’Escher Oppositioun hat no de Medienartikele kritiséiert, datt een zënter Méint en Abléck an d’Konte vun der ASBL géif fuerderen, mee d’Dokumenter net géif kréien. Den den Direkter vu FrEsch léisst dat net gëllen: Et géif kee Geheimnis ginn. 

"En fait tout est disponible depuis toujours, il faut juste faire la démarche pour venir consulter tous ces documents chez nous."

De Loïc Clairet ass averstane fir weider un der Transparenz ze schaffen.

"On est en train de faire un bilan public sous forme peut-être d’une conférence de presse. Je suis en train de réfléchir à un organe de transparence, que je vais aller justifier les subventions devant le conseil communal au moins une fois par an."

Manktem u Kommunikatioun Grond vun allen Diskussiounen?

D’Oppositioun reprochéiert der ASBL weider, datt si sech bei verschiddene Projeten net un d’Soumissiounsgesetz gehalen hätt. Deemno misst all Projet, deen iwwer 60.000 Euro HTVA ass, ausgeschriwwe ginn, erkläert de Steve Faltz vun der LSAP.

"Do sinn alleguer d'Commanden direkt iwwer gaang. An do musse si sech och un d'Gesetz halen. An do riskéiert d'ASBL FrEsch legal Konsequenzen."

E Reproche, deen de Loïc Clairet net gëlle léist.

"On cherche toujours à mettre en concurrence les différents prestataires. Parce que ça fait partie du jeu, et on veut travailler avec tout le monde. Ça concerne la nuit de la culturelle et la francophonie. Évidemment pas l’artistique. Parce que ça reste un choix du directeur artistique."

De Loïc Clairet geet dovun aus, datt Diskussioune ronderëm d’Transparenz vun der FrEsch ASBL duerch e Manktem u Kommunikatioun entstan wieren a proposéiert, d’Kommunikatioun ze verbesseren. 

Lauschterenplay_arrow