Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Foodsharing Luxembourg: Iessen deelen amplaz ewechgeheien

Gesellschaft

Foodsharing Luxembourg: Iessen deelen amplaz ewechgeheien

All EU-Bierger geheit am Duerchschnëtt pro Joer 131 Kilogramm Liewensmëttel ewech, zu Lëtzebuerg sinn et der souguer 147. Genee do setzt d'Associatioun Foodsharing Lëtzebuerg un. Si wëllt dozou bäidroen, datt Liewensmëttel déi een ze vill huet, gedeelt ginn, ier se an der Poubelle landen.

auto_stories

4 min

headphones

20 min

Iessen | © Bigstock / Hurst Photography play_arrow
Iessen (Foto: Bigstock / Hurst Photography)

Den Daniel Waxweiler ass de Grënner vu Foodsharing Luxembourg, hien ass wärend dem Studium mam Konzept vum Foodsharing a Kontrakt an huet 2019 d'Initiativ Foodsharing Luxembourg hei am Land gestart.

Och iwwer d'Feierdeeg net ze vill akafen

Zwee Drëttel vun de Liewensmëttel ginn an de Stéit ewech geheit. Zéng bis 15 Prozent maachen d'Supermarchéën aus. Een Deel vun de Liewensmëttel ginn awer och direkt do entsuergt, wou se produzéiert ginn. Zum Beispill Gromperen déi ze kleng sinn, ginn dacks um Feld ënnergeplout oder net verkaaft, well de Konsument gär grouss Gromperen hätt.

© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

Et gëtt zwar keng Zuelen doriwwer, wéi vill méi Liewensmëttel iwwer d'Feierdeeg ewechgeheit ginn, mee aus Erfarung kéint hie soen, datt dat effektiv de Fall ass. Dofir réit de Grënner vu Foodsharing Luxembourg generell, datt d'Leit just dat akafen, wat se och wierklech brauchen an zum Beispill 2+1-Promoe leie loossen. Wichteg ass et och, fir net hongreg akafen ze goen, et kann een zum Beispill virdrun een Apel iessen.

Prakteschen Ëmgang mat de Liewensmëttel

D'Iesse muss och richteg versuergt ginn, fir datt et sech méiglechst laang hält. Verschidde Liewensmëttel sollen zum Beispill net am Frigo stockéiert ginn, wéi Banannen oder Tomaten. An och am Frigo selwer ass et net egal, wat ee wou hi leet. D'Landeszentrum Baden-Württemberg huet déi néideg Informatiounen heizou zesummegedroen.

Generell soll een déi Liewensmëttel déi als nächst oflafen, no vir leeën. Et soll een och net direkt eppes ewech geheien, wann den Haltbarkeetsdatum errecht oder iwwerschratt ass. Meeschtens hale sech Liewensmëttel nach eng gewëssen Zäit méi laang.

Just bei Fleesch a Fësch sollt een de Verbrauchsdatum net iwwerschreiwen, well sech no deem Datum Bakterien ufänke mat bilden, déi de Mënsch net verdréit.

Wéi eng Optioune ginn et fir säin Iessen ze deelen?

Wann een elo awer eng Kéier ze vill Iessen akaaft huet, kann ee probéieren dat am Bekanntekreess lass ze ginn, et kann een et senge Gäscht matginn, wann ee Besuch hat. Et gëtt och eng Grupp op Facebook wou Leit Iesswueren ënner sech deelen. 

Foodsharing Lëtzebuerg selwer bedreift am Moment zwee foodsharing points, een zu Esch an een zu Lëntgen an am neie Joer soll een zu Bouneweg opgoen. Sou eng Plaz besteet eigentlech aus engem Frigo, dee meeschtens an engem Buttek steet. Leit kënne Liewensmëttel do loossen oder der mathuelen. Réi Eeër, Mëllech, Fësch a Fleesch soll een aus hygienesche Grënn awer net do ofliwweren. Foodsharing Luxembourg ass och am stännegen Echange mat der Securité alimentaire.

D'Initiativ schafft awer och mat Supermarchéen, Bäckeren a Caterer zesummen an hir 346 Benevolle konnte bis elo ronn 715 Tonnen Iesswuere virun der Poubelle retten.

Lauschterenplay_arrow