Radioen

On air

Concert  |  Een Owend mat Tchaikowski

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Flughafen zu Palma de Mallorca zou: 120 Luxair Passagéier sëtze fest

Wéinst staarkem Onwieder

Flughafen zu Palma de Mallorca zou: 120 Luxair Passagéier sëtze fest

D‘Luxair huet matgedeelt, si géif hire Passagéier zu Palma de Mallorca assistéieren. Dat nodeems gëschter de Flughafen zu Palma wéinst extreeme Wiederkonditioune bis op Weideres zougemaach gouf.

auto_stories

1 min

De Flughafe vu Palma de Mallorca stoung gëschte ënner Waasser (Foto: picture alliance / Thomas Reiner | Thomas Reiner)

Eng 120 Passagéier hätten dowéinst net zeréck op Lëtzebuerg kënne fléien. D‘Luxair hätt op der Plaz alles gemaach fir hinnen en Ënnerdaach fir eng Nuecht zur Verfügung ze stellen.

Wann d‘Wiederkonditiounen et erlaben wéilt d‘Luxair haut zwee Flich operéieren, fir déi betraffe Passagéier zeréck op Lëtzebuerg ze bréngen.