Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Jamila Woods - Boomerang

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fligerongléck zu Vilnius: Sabotage oder Terrorattentat gi fir de Moment ausgeschloss

1 Persoun koum ëm d'Liewen

Fligerongléck zu Vilnius: Sabotage oder Terrorattentat gi fir de Moment ausgeschloss

De litauesche Staatspresident war zu Vilnius op der Plaz, wou um Méindegmoien ee Cargofliger erofgefall ass. Eng Persoun, ee Spuenier, ass dobäi ëm d‘Liewe komm. 3 goufe blesséiert.

auto_stories

1 min

© BjörnD / planespotters.net
Foto: BjörnD / planespotters.net

D‘Maschinn vun der spuenescher Fluchgesellschaft Swift Air ass fir DHL geflunn. Si war zu Leipzig an Däitschland gestart an net wäit vum Flughafe vu Vilnius ewech bei engem Wunngebai erofgefall. 

D‘Maschinn hätt probéiert, eng Noutlandung ze maachen, heescht et vun DHL. D‘Enquête leeft. Och däitsch Enquêteure sinn doru bedeelegt.

Et géif fir den Ament keng Indicë fir Sabotage oder een Terrorattentat.