Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Carthago - Alech

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fliger ass a Litauen erofgestierzt

Fliger war zu Leipzig fortgeflunn

Fliger ass a Litauen erofgestierzt

Haut um fréie Méindegmoie ass en Transportfliger vun DHL a Litauen virun e Wunnhaus gefall, an der Géigend vum Flughafe vun der Haaptstad Vilnius, dat huet déi däitsch Presseagence gemellt.

auto_stories

1 min

Et ginn ëmmer méi Detailler bekannt.

De Fliger hätt probéiert eng Noutlandung ze maachen, huet d‘Enteprise DHL an engem Communiqué preziséiert. De Fliger war net wäit vum Flughafe vu Vilnius ewech erofgefall. 

Vun de véier Leit u Bord ass eng Persoun ëm d‘Liewe komm, an déi dräi aner goufe blesséiert. D'Accident war no bei engem Wunnhaus, dat huet dowéinst gebrannt, an 12 Awunner:inne goufen evakuéiert, esou de Buergermeeschter.

D'Ursaach vum Accident bleift onbekannt, eng Enquête gouf opgemaach. Och Däitschland ass un der Enquête bedeelegt.