Zu Diddeleng waren d’Sozial- an Gesondheetssministerin, d’Patronatsvertrieder an d’Gewerkschaften zesummekoumen. Mee firwat geet ee vun engem Defizit fir déi nächst Joren aus?
Et gi verschidden Ursaachen dofir. De Statec huet seng Projektiounen iwwert déi wirtschaftlech Entwécklung realiséiert a geet dovunner aus, datt den Aarbechtsmaart manner séier wäert wuessen, ewéi an der Vergaangenheet. Deemno erwaart ee sech och manner Cotisatiounen.
Eng Hausse vun de Krankeschäiner
Grad ewéi bei de Pensioune bezuelen de Staat, de Salarié an de Patron an. Fir den Ament ginn et Reserven, déi awer laut deene Prognosen an zwee bis dräi Joer opgebraucht wieren. D’Recetten erhéijen iwwert eng Hausse vun de Cotisatiounen ass awer fir d’Patronat eppes, wat op allefalls soll vermidde ginn. Klëmmt den Emploi, da klammen och d’Recetten, a bei neie Versécherte kritt een och méi Jonker, déi wesentlech manner Ausgaben duerstelle bei der CNS.
Dat gëllt net nëmme fir d’Fleeg, mee och fir d’Krankeschäiner. Do ass een dann och op der Depensesäit: D’Ausgabe klammen och méi séier, ewéi d’Recetten. Ënnert anerem gëtt et eng Hausse vun de Krankeschäiner, déi op engem héijen Niveau bleiwen nom Covid. Et gëtt eng Hausse vun de Grippen, Covid-Fäll, an aner Infektiounskrankheeten, déi ëmmer nach zirkuléieren.
Interessant ass et do ze gesinn, datt de sozialen a medezinesche Secteur deen ass, wou et am meeschte - prozentual gesinn - Krankeschäiner gëtt. Ënnert anerem och, well d’Personal mat deene Viren a Kontakt kommen.
Mee datt d’Depensë klammen huet net nëmme mat der Hausse vun de Krankeschäiner ze dinn. Engersäits huet een och d’Hausse vun de medezineschen Tariffer. Derbäi kënnt och, datt een haut Equipementer huet, déi vill méi kaschten, an déi zur Modernisatioun vun der Medezin féieren. An et gëtt um Maart eng Penurie u wesentleche Medikamenter, déi och zu enger Hausse vun den Depensë geféiert huet.
Decisiounen, déi net kënnen oder wëlle geholl ginn
D’Gewerkschaften, mee och d’Patronat, sollen eng Lëscht opstellen, mat all den Depensen a Prestatiounenl déi een eventuell kéint verbesseren oder ersetze kéint. Am Abrëll oder Mee ass d’nächst Joer dofir eng informell Quadripartite. Do virdru sollen d’Sozialpartner hir Lëschten ausschaffen. D’Patronatsorganisatioun UEL schwätzt do vun enge 25 Prestatiounen, déi ee méi genee soll ënnert d’Lupp huelen. Si hunn awer net wëlle preziséieren, ëm wat et do genee geet.
Keen vu Patronatssäit a vun der Sozial- a Santésministerin wollt awer vu Kierzunge bei de Prestatioune schwätzen. D’Gewerkschafte ginn zënter Jore par contre net midd ëmmer nees eng Verbesserung vun de Remboursementer bei den Zänn oder bei de Brëller ze fuerderen. Déi Decisioun, déi kéint d’Ministerin awer net huelen, sot si e Mëttwoch. Dëst, well et um Verwaltungsrot vun der CNS ass fir déi Decisiounen ze treffen. Dono muss nach a punkto Nomenclature eng Tarifikatioun festgeluecht ginn. An dach kéint si iwwert d’Vertrieder vum Staat, déi och am Verwaltungsrot vun der CNS siegéieren, ee klore Message erausginn.
A grad ewéi bei de Pensioune schéngt si keng eege Verantwortung dofir wëllen ze iwwerhuelen. Si freet, datt d’Sozialpartner dat entscheeden. Fazit ass do awer, datt ee fir ee Brëll am Duerchschnëtt 75 Prozent vun de Käschte muss selwer droen. A bei den Zänn sinn et och gréisser Participatiounen, déi de Patient misst selwer finanzéieren.
D'Quadripartite zu Diddeleng. (Foto: Carole Schimmer)
Net nëmme Sträitpunkter
Do wou et elo awer schéngt ee Konsens ze ginn, an do ass d’Sozialministerin mat averstanen, sinn d’Depensen, déi d'CNS bezilt, obwuel et éischter um Staat wier, déi Käschten ze droen. Zum Beispill beim Bau vu Spidolsinfrastrukture bezilt d’CNS 20 Prozent vun de Baukäschten, wat net direkt enger Prestatioun wéinst Krankheet entsprécht. Do misst de Spezial-Fong fir d’Spideeler dat Ganzt iwwerhuelen, an dee gëtt awer vum Staat finanzéiert.
A gëschter um Mëttwoch huet d’Martine Deprez da kloer betount, datt een an de Koalitiounsverhandlungen iwwert d’Käschte vun de Spidolsstrukturen a vun der Maternité geschwat hätt, fir déi Depensen iwwert de Staatsbudget ze finanzéieren. Mee firwat sinn déi Depensen a Punkto Maternité trotzdeem zënter esou laang am Gespréich?
D’Gewerkschaften hu betount, datt ee Congé de maternité kee reelle Krankeschäin ass, wëll et jo keng Krankheet ass. De Staat bezilt zënter Joren ee Forfait vun 20 Milliounen Euro fir de Beräich Maternité. Déi Zomm misst awer an Tëschenzäit op 40 Milliounen Euro gehéicht ginn. Cumuléiert iwwert e puer Joer wieren dat schonn iwwert 150 Milliounen Euro, déi an der CNS-Keess feelen, bedaueren d’Gewerkschaften.
Lëtzebuerg brauch sech net ze verstoppen
Deemno wäert et am Abrëll oder Mee op der informeller Quadripartite-Sitzung eng ganz Lëscht u Käschte ginn, déi an Zukunft eventuell vum Staat misste finanzéiert ginn. Mee am Fong ierft et och kloer sinn, datt eng modern Medezin, déi sech och d’Moyene gëtt fir d’Patiente mat Zäiten ze betreien, eppes méi kascht. Net ze vergiessen, datt d’Populatioun méi al gëtt, an dat ass eben och verbonne mat méi medezinesche Besoinen.
Et wäert een also ofwaarde mussen, wou een handelt oder net. Den aktuelle Gesondheetssystem ass sécherlech net perfekt, mee et brauch een nëmmen an d’Ausland kucken ze goen, ewéi an England, wou et wierklech eng Médecine à deux vitesse gëtt. Eng fir déi, déi an den ëffentleche Kinniken betreit ginn. An eng fir déi, déi sech privat Servicer kënne leeschten.
Hei zu Lëtzebuerg ass een dach awer wäit ewech vun esou enger Situatioun. Nach wäit ewech. An t ass ze hoffen, datt dee System mat enger universeller Couverture erhale gëtt.