Wéinst der Vakanz an den Infektiounswellen hätte manner Leit Blutt gespent. D‘Bluttreserve wiere schonn zënter e puer Méint um Minimum. Elo awer wiere se sou niddreg, datt se net méi kéinten duergoe bis Enn dës Joers.
D‘Rout Kräiz mécht dofir en Appell fir an den nächsten Deeg Blutt spenden ze kommen. Dat kann ee mat engem Rendez-vous maachen. Et kéint een awer och spontan an ee vun de Blutttransfusiounszenteren an der Stad oder Esch-Belval goen.