arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat déi Jonk sech vun der Politik net representéiert fillen

Assises de la Jeunesse

|
headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Firwat déi Jonk sech vun der Politik net representéiert fillen

Jonker wëlle méi Plaze fir sech ze begéinen a sech auszetauschen a méi Participatioun, fir datt hinnen nogelauschtert gëtt. Dat waren e puer vun de Conclusiounen op der zweeter Editioun vun den Assises de la Jeunesse gëschter Donneschdeg am Forum um Campus Geesseknäppchen.

headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Pierre Reyland | © Pierre Reyland
"Jonker staark maachen" (Foto: Pierre Reyland )

"Eng Stëmm fir Jonker" war de Motto vun der zweeter Editioun vun den Assises de la Jeunesse an den zoustännege Minister, de Claude Meisch, huet och vill Stëmme vu Jonken héieren.

Deene Jonke kann een näischt virmaachen

Hie war an de leschte Méint op Tournée duerch d‘Land fir Jonker ze begéinen. An hie géif hir Suergen, Wënsch an Iddien absolut eescht huelen, esou de Minister, deen a senger Usproch gëschter Owend verséchert huet:

"(...) datt mir dat net pro forma maache mat Jonken, well déi kréien dat direkt eraus. Déi hunn dat direkt spatz, wann ee lo dohinner kënnt a seet: 'Lo lauschtere mir eng Kéier no. Mir schreiwen dat och op. Mee dann héiert een ni méi eppes dovunner. Da brauch ee si eigentlech déi zweete Kéier net méi ze invitéieren."

An ee vun den Haaptwënsch, deen hien iwwerall am Land héieren hätt, wier: Eng Plaz, wou si sech begéine kënnen. Egal ob an hire Quartieren, an hiren Dierfer, oder soss anzwousch, egal ob stättesch oder ländlech.

Déi digital Welt verhënnert d'Entwécklung vu verschiddene Kompetenzen

Mee Tatsaach ass: Jonker begéine sech haut manner. D‘Frëndschaften an Treffe vu Jonken an der Realitéit, an net just am Internet, hunn ofgeholl. Dat geet aus éischte Resultater vun der "Youth Survey" ervir - also der Ëmfro, déi d‘Uni Lëtzebuerg bei Jonken zu Lëtzebuerg gemaach huet.

D‘Dokter Caroline Residori vum Zentrum fir Kandheet- a Jugendfuerschung op der Uni Lëtzebuerg, huet un der Ëmfro matgeschafft. D‘Fro, ob si alarméiert ass iwwer de Réckgang vu reelle Frëndschafte bei Jonken, beäntwert si mat Jein. Et wier ganz einfach e Spigel vun der Zäit, vun den neien Entwécklungen, vun deem ëmmer méi digitaliséierte Liewen. Mee:

"Op där anerer Säit mierkt een eeben, datt verschidde sozial Kompetenzen, awer och d'Konfliktfäegkeet, d'Fäegkeet fir ze diskutéieren, fir sech auszesetzen, fir empathesch mat deem Aneren ze sinn, dat entwéckelt sech einfach besser am direkte Gespréich, wéi digital."

Wéineg Representativitéit, manner Interessi

Bei enger Table ronde gouf et e weideren Austausch zum Theema Participatioun vu Jonken. D‘Jenny Klimas huet mat diskutéiert. Si engagéiert sech als jonk Persoun fir déi Jonk am Jugendgemengerot vu Wëntger, wou hir Stëmm och eescht geholl géif ginn.

"Jo, schonn. Also mir gi schonn zimmlech gutt gehéiert, well mir do mat konkreete Wënsch eruntrieden."

Déi allgemeng Tendenz bei der Participatioun vu Jonken zu Lëtzebuerg schéngt awer eng aner ze sinn. D‘Participatioun am Sport oder an anere Veräiner ass zwar plus aus moins konstant bliwwen an de leschte fënnef Joer, mee den Interessi vu Jonken un der Politik huet ofgeholl.

D‘Dokter Caroline Residori erkläert dat zum Deel doduerch, datt vill Jonker fannen, si géife kee Gehéier kréie vu Politiker a Politikerinne kréien.

"Jee manner Jonker an der Politik sech gehéiert spieren, jee manner si sech representéiert spieren, jee manner interesséiere si sech derfir."

Sinn d'Politiker:innen ze al?

Ronn zwee Drëttel vu Jonken, déi an der Ëmfro befrot goufen, géife sech wënschen, méi Gehéier ze kréien, a géife sech vun de Politiker:innen net representéiert spieren.

"Also ech mengen, wann een elo d'Zuele kuckt vum Alter vun engem Duerchschnëttsdeputéierten, oder enger Duerchschnëttsdeputéierter, wat jo och schonn erëm Representatioun ass. Wann ee kuckt, wéi gesäit et an de Gemengeréit aus? Mir hunn zwar elo och wierklech jonk Buergermeeschteren, wat mengen ech och en immens flott Signal ass fir déi Jonk, mee insgesamt verstinn ech all 21 Järegen, dee seet: 'Ech gesinn net vill Leit wéi ech an der Politik'."

Deen neie Rapport iwwer d‘Situatioun vun der Jugend zu Lëtzebuerg wäert sécherlech nach weider interessant Erkenntnisser mat sech bréngen. Déi komplett Verëffentlechung vum Rapport ass fir Januar oder Februar d‘nächst Joer geplangt.

play_arrow Lauschteren