Radioen

On air

Vue sur mer  |  Yannis & The Yaw - Rain Can't Reach Us Feat. Tony Allen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​Fir méi urbane Flair um Belval: Neit Mobilitéitskonzept gouf virgestallt

Mobilitéit

​Fir méi urbane Flair um Belval: Neit Mobilitéitskonzept gouf virgestallt

An den nächsten zéng Joer soll de Belval méi gréng ginn. De Mobilitéitsminister François Bausch huet gëschter zesumme mam Energieminister Claude Turmes a mat der Ëmweltministesch Joëlle Welfring een neit Mobilitéitskonzept virgestallt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Manner Betonswüst an eng besser Loftqualitéit. Dëst Konzept, wat an enger Kooperatioun mam Urbanismusbüro “Agora” ausgeschafft gouf, huet ënnert anerem als Zil, bis 2035 par Rapport zu 2017 ronn 14 Mol méi Deplacementer mam Vëlo ze erreechen.

Stéchwuert "douce Mobilitéit"

Den Auto soll um Belval zwar nach seng Plaz behalen, mee den ëffentleche Raum misst besser genotzt kënne ginn. Mat dem neie Konzept fir de Belval setzt de François Bausch virun allem op méi douce Mobilitéit.

“An da spillt natierlech den Tram, mam Vëlo, mam Zuch, mam zu Fouss goen, zesummen, an da wäert dir mol gesinn, dann hutt dir am Süden eng Qualitéit un ëffentlechen Transport, déi wierklech net méi ze vergläichen ass mat deem, wat mir haut hunn, an da maache mir ee richtege Qualitéitssprong.”

Zum Beispill soll aus der Hallschent vun de sechs Autosspueren, déi et den Ament op der Porte de France gëtt, eng Plaz fir Foussgänger ginn. Ausserdeem sollen hei méi Plaze fir Carsharing geschaaft ginn, grad wéi Luetstatioune fir Elektroautoen.

François Bausch: "Villes ass scho geschitt"


Wärend den Aarbechten, déi viraussiichtlech bis 2035 daueren, soll schonn eng provisoresch Vëlospist entstoen. Fir de François Bausch hänken d’Mobilitéit an den ëffentleche Raum enk zesummen.

“Den Urbanismus huet mech ëmmer gestéiert hei, well et einfach vill ze autozentréiert war an dee ganzen ëffentlechen Espace net berécksiichtegt gouf. A Mobilitéit organiséieren ass och den ëffentleche Raum nei gestalten. Dat muss endlech a Fleesch a Blutt iwwergoen. Deen Uerder hunn ech dem Fond Belval op alle Fall ginn, an dofir gëtt sech vill Gedanke gemaach. Et ass jo scho vill geschitt mat Beem a Waasserspiller an esou weider, datt ee ganzen aneren urbane Flair erakënnt.” 

​Käschtepunkt: onbekannt

Fir ze evitéieren, datt déi laang Aarbechten een Effet op d’Attraktivitéit vum Site Belval hunn, wëllen de Buergermeeschter vun Esch, Georges Mischo, an d’Buergermeeschtesch vu Suessem, Simone Asselborn-Bintz, elo dat konkret Konzept un d’Bierger weiderkommunizéieren, fir datt een antizipéiere kéint.

Eng genee Zuel, wéi vill d’Ëmsetzung vun deem ganze Konzept viraussiichtlech kaschte wäert, konnt de Mobilitéitsminister François Bausch nach net nennen.