Radioen

On air

Notturno  |  High Fashion - Feelin' Lucky Lately

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bei dësen Europwale gi méi Leit wielen, wéi bei de leschten

10 Prozent méi zu Lëtzebuerg

Bei dësen Europwale gi méi Leit wielen, wéi bei de leschten

Den 9. Juni, also a knapp zwou Wochen, ginn zu Lëtzebuerg bekanntlech déi sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert gewielt. Am Ganze sinn am Grand-Duché 314.852 Persoune fir d’Europawalen op de Wielerlëschten agedroen. Dat geet aus den offiziellen Zuele vum Staatsministère ervir. Dat si ronn 10 Prozent méi wéi bei de leschten Europawale viru fënnef Joer.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Bigstock / melis

284.101 Lëtzebuerger sinn opgeruff den 9. Juni hir Stëmm ofzeginn. Dobäi kommen 30.751 EU-Auslänner, déi sech op de Wielerlëschten ageschriwwen hunn. Dat heescht also, datt all zéngten EU-Auslänner am Grand-Duché decidéiert huet, den 9. Juni wielen ze goen. Bei de leschten Europawalen 2019 waren et 260.508 walberechtegt Lëtzebuerger an 23.175 EU-Auslänner.

Och méi Bréifwieler

Wat d‘Bréifwal ugeet, esou léisst sech, wéi och scho bei de Chamber- a Gemengewalen, en Trend no uewe feststellen. 87.756 Persounen hunn dës Kéier d'Bréifwal ugefrot. Dat si bal 30 Prozent vun der Wielerschaft. Viru fënnef Joer louch den Undeel u Bréifwieler nach bei 20 Prozent.

An der Stad Lëtzebuerg sinn iwwerdeems am Ganzen 42.066 Persounen ageschriwwe fir wielen ze goen. Dorënner ronn 20 Prozent EU-Auslänner. 1667 Wieler liewej iwwerdeems am Ausland, sou de Staatsministère op eis Nofro hin.

Lauschterenplay_arrow