Radioen

On air

Kultur um 5  |  Busty And The Bass - Out Of Love Feat. Macy Gray

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 198 Länner hu sech fir eng Transitioun aus de fossillen Energie engagéiert

COP28

198 Länner hu sech fir eng Transitioun aus de fossillen Energie engagéiert

D‘Ofschlossdeklaratioun vun der COP28 rifft gemëschte Gefiller ervir.

auto_stories

1 min

Den amerikanesche Klima-Beoptraachte John Kerry hätt sech zum Beispill méi eng kloer Sprooch gewënscht. Den UNO-Generalsekretär huet gewarnt, datt den Zäitalter vun de fossilen Energië misst op en Enn kommen.

„D‘Welt ka sech keng hallef Saache méi leeschten“, esou den Antonio Guterres. D‘Allianz vun de klengen Inselstaaten, déi besonnesch vum Klimawandel bedreet sinn, soten, den Accord wier en éischte Schrëtt ewech vum Status quo, mee wat si bräichte wier en exponentielle Changement. Och déi Lénk zu Lëtzebuerg kritiséieren a schwätze vun engem Sommet vun der Hypokrisie. Moskau warnt virun engem chaoteschen Exit vun de fossillen Energien.