Radioen

On air

Notturno  |  Bibio - Curls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir Olaf Scholz ass et net de richtege Moment Zaldoten an d'Ukrain ze schécken

Treffen zu Paräis

Fir Olaf Scholz ass et net de richtege Moment Zaldoten an d'Ukrain ze schécken

Eng Dosen europäesch Regierungscheffe koumen e Méindeg zu Paräis zesummen. Dat fir eng europäesch Äntwert op déi amerikanesch Pläng fir e Friddensdeal am Ukrainkrich ze fannen. D'USA a Russland wëlle jo ouni Europa verhandelen. Besonnesch den däitsche Kanzler huet no der Reunioun däitlech Wierder fonnt.

auto_stories

2 min

Eng Dosen europäesch Regierungscheffe sinn e Méindeg (17.02) zu Paräis zesumme komm | © picture alliance / Photoshot | -
Eng Dosen europäesch Regierungscheffe sinn e Méindeg (17.02) zu Paräis zesumme komm (Foto: picture alliance / Photoshot | -)

Déi europäesch Verdeedegung a Sécherheet hätt ee Wendepunkt erreecht, hat d'EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen kuerz virun der Entrevue op X geschriwwen. No der Reunioun huet si matgedeelt, d'Treffen hätt nach eemol däitlech gemaach, datt et e Fridde bräicht, deen d’'Onofhängegkeet an d'territorial Integritéit vun der Ukrain respektéiert. Dat gesinn déi Europäesch Länner duerch dem amerikanesche President Trump seng Friddenspläng a Gefor. 

Puer Länner bereet, Friddenstruppen an d'Ukrain ze schécken

Och den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz sot no der Reunioun, datt een der Ukrain net dierft de Fridden opzwéngen.

Am Virfeld vun der Reunioun hate Groussbritannien, Holland an och Schwede matgedeelt, datt een oppe wier, Zaldoten an d'Ukrain ze schécke fir als Friddenstruppen ze agéieren.

Fir den Olaf Scholz net de richtegen Zäitpunkt

Den Olaf Scholz war awer vun dësen Aussoen irritéiert a sot et wier de komplett falschen Zäitpunkt fir esou Diskussiounen. De Kanzler sot och et dierft keng Opdeelung vu Sécherheet a Responsabilitéit tëschent den USA an Europa ginn, et misst een an der NATO hei als Partner handelen. 

Den Olaf Scholz huet sech doniewent dofir ausgeschwat, den EU-Länner bei de Scholde méi Spillraum ze loossen, fir datt si méi an d'Verdeedegung investéiere kënnen. Och den NATO-Generalsekretär Mark Rutte war zu Paräis a sot no der Reunioun, Europa wier capabel der Ukrain Sécherheetsgarantien ze liwweren.