arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir Mënschen iwwer 50: Kombi-Vaccin géint Gripp a Corona kritt gréng Luucht vun EMA

Gesondheet

|
headphones

1 min

Fir Mënschen iwwer 50: Kombi-Vaccin géint Gripp a Corona kritt gréng Luucht vun EMA

Den éischte Kombi-Wierkstoff soll fir Mënschen iwwer 50 Joer zougelooss ginn. Offiziell muss elo d‘EU-Kommissioun den Accord ginn. Dat wier awer eng réng Formsaach. Duerno kéinten déi eenzel Memberstaate selwer decidéieren, ob si d‘Impfung wéilten ubidden oder net.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Fabian Sommer
(Foto: picture alliance/dpa | Fabian Sommer)

Esouwuel d‘Gripp wéi och de Covid-19 gräifen an éischter Linn d‘Otemweeër un mat Symptomer wéi Féiwer, Houscht an de Schnapp.

An de meeschte Fäll verleeft eng Infektioun liicht, mee besonnesch eeler Mënschen oder Leit mat engem schwaachen Immunsystem riskéieren e méi schlëmme Verlaf.