Radioen

On air

Simon Says  |  Monie Love - Monie in the Middle

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vill méi Nuetsflich um Findel

Aviatioun

Vill méi Nuetsflich um Findel

Zejoert goufen 2.553 Nuetsflich um Findel gezielt: Dat ware Fligeren, déi tëscht eng Minutt op eelef owes an eng Minutt viru sechs moies um Flughafe gestart oder geland sinn. Dës Zuele fir 2023 huet d’ANA, d’Administration de la navigation aérienne, public gemaach. Dee Chiffer bedeit e Plus vu 85 Prozent un Nuetsflich par rapport zu 2022, wéi just 1.379 där Flich enregistréiert gi sinn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Fliger an der Nuecht | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki play_arrow
Fliger an der Nuecht (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

Mat net grad 80 Prozent ass de Gros vun den Nuetsflich am leschte Joer tëscht eng Minutt op eelef owes an eng Minutt virun Hallefnuecht gestart oder gelant. 70 Prozent dovu ware Passagéier- an 30 Porzent Cargofligeren. Déi meescht Nuetsflich goufen am Juni gezielt, am mannsten am Februar. Tëscht Januar a Mäerz 2023 gouf et ëmmer manner wéi 200 Nuetsflich de Mount, vun Abrëll bis Dezember dunn awer all Mount méi.

Luxair: Verschidde Volle kommen owes méi spéit un, wéi geplangt

Mir hu bei den zwou Lëtzebuerger Fluggesellschaften nogefrot, wat d’Grënn fir dee Plus un Nuetsflich um Findel waren. Vun der Cargolux koum keng Äntwert op eng Email, an och iwwer Telefon war d’Kommunikatioun net z’erreechen.

D‘Luxair huet eis op Nofro hin schrëftlech mat gedeelt, all hir Flich wiere fir eng Landung virun eelef Auer owes virgesinn. Et kéint awer virkommen, datt et méi spéit, wéi geplangt, zu enger Landung kënnt. Vun der Cargolux krute mir nach keng Äntwert.

Verschidden Awunner hoffen op déi nei Regierung

Donieft wollte mer och mat Interessevertriedunge vun Awunner aus deene Stater Quartiere schwätzen, déi an der Aflugschneis vum Findel leien, ma och do si mer just op Repondeuren oder awer Telefone gestouss, déi keen opgehuewen huet. Déi eenzeg Äntwert war eng Email vun der DIGHSE, der Défense des intérêts des habitants de Schuttrange et environs.

“All fënnef Joer gëtt e Plang géint de Flughafekaméidi opgestallt, fir d’Gewëssen ze berouegen, mee a Wierklechkeet ass de Contraire de Fall. Den Trafic an d’Nuetsflich huelen zou. Mol kucken, ob déi nei Regierung méi dorop oppasst. Et misst och ophéieren, datt ee mat engem Fligerticket reest, dee méi bëlleg ass wéi den Taxi fir op de Flughafen.”

Egal wéi däerf een op d’Zuele vun dësem Joer gespaant sinn, fir ze gesinn, ob deen Trend no uewe bei den Nuetsflich weidergeet oder net.

Lauschterenplay_arrow