Radioen

On air

Moiesstudio  |  Bon Enfant - Demande Spéciale

play_arrow Live
search

/ Caritas: Verdächtegt Persoun konnt nach net verhéiert ginn

No Finanzskandal

Caritas: Verdächtegt Persoun konnt nach net verhéiert ginn

D'Caritas informéiert de Moien hiert Personal iwwer de Finanzskandal, dee virum Weekend ëffentlech gouf. Déi sozial Organisatioun ass an existenzielle Schwieregkeeten, well 61 Milliounen Euro geklaut goufen.

auto_stories

1 min

Caritas | © Wikimedia Commons
Caritas (Foto: Wikimedia Commons)

Ronn 400 Mataarbechter:inne wëlle wëssen, wéi et mat hire Paien a mat den Aktivitéite vun der ONG weidergeet. De Staatsministère sot virum Weekend, et géif een no Léisunge siche fir d'Caritas ze ënnerstëtzen. Eng gutt placéiert Mataarbechterin steet am Verdacht, d'Sue wärend e puer Méint op auslännesch Konten transferéiert ze hunn. 

Iwwer d'Hannergrënn ginn et awer nach grouss Froen. D'Fra wier am Ausland an hätt nach net kënne verhéiert ginn, esou Sourcen, déi no um Dossier sinn. Ob si effektiv déi presuméiert Täterin ass, oder ob et nach aner Täter gëtt, muss d'Enquête weisen. De Caritas-Generaldirekter Marc Crochet huet am 100,7-Interview Äntwerten op Froe ginn.