Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - My Dear One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ADR: De Fernand Kartheiser geet an d‘Europaparlament, den Dan Hardy réckelt no

No den Europawalen

ADR: De Fernand Kartheiser geet an d‘Europaparlament, den Dan Hardy réckelt no

Natierlech géif hien d’Mandat unhuelen, esou den 52 Joer alen ADR-Politiker a fréiere Journalist Dan Hardy, dee sech prett fir an d’Chamber gesäit. „Ech wëll no beim Vollek sinn, an och e bëssen an d’Chamber brénge wat d’Leit dobausse beweegt.“

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: ADR

Als Beispiller nennt den Dan Hardy dobäi de Logementsproblem an d’Aarmut. Den zukünftegen Deputéierte beschreift seng Partei als konservativ an „op kee Fall extreem“.

„Ech mengen dat weise mer och ëmmer erëm. Mir hu kee friemefeindlechen Dialog. Dat ass ganz wichteg. Ech mengen, déi konservativ Wäerter sinn am Fong och näischt Schlechtes.“

2018 an 2023 hat den Dan Hardy bei de Chamberwale kandidéiert. Virun de Walen d’lescht Joer hat de Radio 100,7 ëffentlech gemaach, datt hien ee Reichsbürger-Symbol als Profilbild bei WhatsApp agesat hat. Dozou seet den Dan Hardy haut.

„Also ech hunn dat Bild schéi fonnt, an ech wousst net, datt dat iergendeppes mat de Reichsbürger ze dinn huet.“

Déi Leit, déi hie kennen, déi wéissten, datt hie kee Reichsbürger wier, betount den Dan Hardy. Hie géif och net mengen, Verbindungen zu Verschwörungstheoretiker ze hunn, erkläert den ADR-Politiker. Him hätt et allerdéngs net gefall, wéi wärend der Covid-Zäit mat Leit ëmgaange ginn ass, déi sech net impfe wollte loossen „oder eben eng aner Meenung haten.“

Lauschterenplay_arrow