arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fënnef Goldgriewer no iwwer enger Woch aus Höl am Laos gerett

Laos

|
reading time

2 min

Fënnef Goldgriewer no iwwer enger Woch aus Höl am Laos gerett

No méi wéi enger Woch an enger iwwerschwemmter Hiel am Laos si fënnef Goldgriewer lieweg gerett ginn. D’Rettungsaktioun am dichten Dschungel huet fir grouss Erliichterung gesuergt. No zwou weidere vermësste Persoune gëtt awer nach ëmmer intensiv gesicht.

reading time

2 min

No méi wéi enger Woch Ongewëssheet ass et am Laos zu enger spektakulärer Rettungsaktioun komm. Fënnef vun de siwe Goldgriewer, déi zënter dem 19. Mee an enger iwwerschwemmter Hiel festgesat waren, konnte lieweg gebuerge ginn. Dat hunn déi laotesch Rettungsorganisatiounen an thailännesch Rettungsdéngschter matgedeelt.

Op Videoen, déi an de soziale Medien zirkuléieren, ass ze gesinn, wéi sech d’Rettungsequippen no der gelongener Aktioun an d’Äerm falen an aus Erliichterung kräischen.

Vu staarkem Reen iwwerrascht

Déi siwe Männer haten zesumme mat dräi Awunner an enger Hiel am Distrikt Longchaeng no Gold gesicht. Nodeems massiv Reefäll d’Hiel iwwerschwemmt an deels zum Abroch bruecht haten, ware si agespaart ginn.

Dräi Persoune konnten sech nach mat Zäiten a Sécherheet bréngen an d’Autoritéiten alarméieren. Laang war onkloer, ob déi aner iwwerhaapt nach um Liewe wieren.

D’Rettungsekippen hu sech duerch extrem enk a geféierlech Gäng misse vir kämpfen. Deelweis hu si missen duerch schmuel Ënnerwaasserpassagen dauchen.

International Ënnerstëtzung bei der Rettung

D’Regierung vum Laos hat Thailand ëm Hëllef gefrot. Thailännesch Spezialisten hunn Erfarung mat änlechen Asätz, notamment bei der weltbekannter Rettung vun enger Jugendfussballsekipp aus der Tham Luang Cave am Joer 2018.

Och international Spezialisten, dorënner de finneschen Hielendaucher Mikko Paasi, hunn d’Missioun ënnerstëtzt.

Sich no zwee Vermësste geet weider

D’Waasserstänn an der Hiel wieren an de leschten Deeg gefall, wat d’Rettungsaarbechte vereinfacht hätt. Zousätzlech goufe Sauerstofffläschen installéiert an d’Belëftung verbessert.

Parallel dozou sichen aner Ekippen no alternativen Zougäng.