Strofrechtlech gëtt et zu Lëtzebuerg keen Ënnerscheed tëschent "Hominicide oder Feminicide". Deen neie Procureur d’État um Stater Parquet, den David Lentz, sot en Dënschdeg am 100,7-Interview: “Et gëtt just Doutschlag”.
Partner oder Ex-Partner dacks Täter vu Femiziden
D'Universitéit Tübingen huet sech wëssenschaftlech mam Sujet Femizid beschäftegt a kierzlech eng nei Etüd dozou erausbruecht. E Femizid ass de Mord un enger Fra, well si eng Fra ass. Et ass déi extreemste Form vu genderbaséierter Gewalt.
Déi heefegst Zort vu Femizid ass de Mord un enger Fra um Enn vun enger Partnerschaft. Demno verwonnert et net, dass déi meescht Täter Partner oder Ex-Partner vun den Affer sinn. Den Zäitpunkt nom Mord ass meeschtens kuerz no der Trennung oder virun enger erwaarten Trennung. An deene meeschte Fäll ass dem Femizid haislech Gewalt virausgaang. Zwee Drëttel vun den Täter hu Gewalt systematesch ugewant fir hir Partnerinnen ze kontrolléieren an hir Fräiheet anzeschränken.
D'Haaptmotiv vun den Täter ass Besëtzdenken - also déi déif verwuerzelt patriarchal Virstellung, dass Fraen hirem Partner ënnerstinn, him quasi gehéieren.
Trotz ënnerschiddleche Beruffsgruppen awer Gemeinsamkeete bei Täter
D'Täter vun den 197 ënnersichte Femizider aus dem Joer 2017 koumen aus alle Schichten, vum Consultant bis zum Erzéier war alles dobäi. Awer: e Gros vun den Täter hat keen héije Bildungsofschloss a war an enger prekärer finanzieller Situatioun. Ausserdeem haten d'Halltschent vun den Täter entweder e Suchtproblem oder eng aner psychesch Erkrankung.
Déi sougenannt “Ehrenmorde” awer och Mord a Verbindung mat engem Sexualdelikt, komme vergläichsweis just seele vir. Se gi just méi staark mediatiséiert a beonrouegen d'Ëffentlechkeet dowéinst ëmmer besonnesch.
"Bei der Sozialisatioun usetzen"
D'Fuerscher*innen gesi virun allem Handlungsbedarf bei de sexistesche Sozialisatiounsmusteren vu Männer - dat heescht konkret méi Jongen- a Männeraarbecht.
Ausserdeem fuerdere si méi Ënnerstëtzung fir psychesch krank a sozial benodeelegt Mënschen a Schutz viru finanzieller Prekaritéit.
Och zu Lëtzebuerg ginn et Femizider. Wéi vill, ass net kloer, well se net als solch definéiert a gezielt ginn.
D’Press an der Verantwortung
E Fall, vun dem wuel déi meescht Leit héieren hunn, ass de Femizid un der Madamm Diana Santos aus dem Joer 2022, den elo viru Geriicht ass a staark mediatiséiert gouf a gëtt. De Fall entsprécht de Musteren, déi an der däitscher Etüd duergestallt ginn: D'Motiv war Besëtzdenken, de potenziellen Täter den Ex-Partner a seng ekonomesch Situatioun prekär.
Et ass gutt a wichteg, dass d'Press iwwer Femizider bericht. Dat weist: Gewalt ass keng Privatsaach. A Sujeten, déi an der Press behandelt ginn, gi vun der Bevëlkerung a vun der Politik als méi wichteg empfonnt. Dobäi ass awer zentral, wéi bericht gëtt.
Strukturell Gewalt a Misogynie
Femizider mussen als solch benannt ginn. Wien hei vun enger Dot aus Leidenschaft oder engem Bezéiungsdrama schreift oder schwätzt, verharmloost d'Dot. An d'Detailer vum Mord goen ass voyeuristesch a gëtt der Würd vum Affer net gerecht. Méi sënnvoll wier et de Kontext vu Femizider ze erklären: Déi strukturell Gewalt géint Fraen a Misogynie.
D'Press sollt vermeiden d'Perspektiv vum Täter an de Fokus ze stellen (hie war jalous, hie war verletzt) fir Femizider net ze verharmlosen. Besser ass et d'Perspektiv vum Affer, vun den Iwwerliewenden a vum Ëmfeld siichtbar ze maachen an d'Spiral vun der Gewalt ze erklären.
Ausserdeem sollt och ëmmer dorop higewise ginn, wou een Hëllef kritt - als Affer vu Gewalt wéi och als Täter.
Wann Dir vu Gewalt betraff sidd, fannt Dir op www.violence.lu Hëllefservicer aus dem ganze Land.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.