Radioen

On air

Resonanzen  |   - Sinfonia - Bach, Johann Sebastian: Weihnachtsoratorium, Bwv 248/Harnonocourt, Nikolaus

play_arrow Live
search

/ Féderation des artisans prangert d'Roll vun de Gewerkschaften un

Sozialdialog

Féderation des artisans prangert d'Roll vun de Gewerkschaften un

D‘Féderation des artisans verlaangt ee méi moderne Sozialdialog a prangert d‘Roll vun de Gewerkschaften un. D‘Gewerkschafte wieren an den Handwierksbetriber an an de PMEen allgemeng nëmme wéineg vertrueden, trotzdeem géifen si am Comité permament de l‘emploi Virschléi vun der Regierung ofblocken.

auto_stories

1 min

Déi lescht Sozialwalen hätten den Delegatiounen an de Betriber e kloert Mandat gi fir iwwer d‘Aarbechtsorganisatioun ze verhandelen. Dat och ouni d‘Gewerkschaften. Déi wieren nëmmen an 32 Prozent vun de Personaldelegatioune vertrueden.

An awer géif de Sozialdialog vun de Gewerkschaften diktéiert ginn, heescht et weider. Gewielten Delegéiert géifen diskriminéiert ginn.

D‘Féderation des artisans stellt och nach fest, datt d‘Salariéë scho vill ze vill Avantagen hätten an d‘Kollektivverträg net flexibel genuch wieren.