De Familljeminister Max Hahn schwätzt vun engem Paradigmewiessel. Dat neit Gesetz gesäit ënnert anerem een nationalen Aktiounsplang fir dat interkulturellt Zesummeliewe vir, mam Zil, de Gemengen hei eng méi wichteg Roll ze ginn.
Geplangt sinn Zouschëss vun 30.000 Euro pro Joer pro Gemeng fir ee Coordinateur an ee Beroder fir interkulturell Projeten anzestellen. Dozou gehéieren zum Beispill Sproochecaféen, mee och Formatiounen iwwert de politeschen, schouleschen oder soziale System zu Lëtzebuerg.
Flächendeckend Offer an de Gemengen
Déi kommunal Integratiounskommissioune vu bis elo ginn duerch Gemengekommissioune fir dat interkulturellt Zesummeliewen ersat.
“Et gi ganz vill flott Saachen déi uechter d’Gemengen ugebuede ginn, awer net flächendeckend. Dat wëlle mir änneren. An dat geet am beschte wann een d’Acteure vum Terrain, déi d’Gemengen am beschte kennen an déi Problemer identifizéiere kënnen, déi mir net op nationalem Niveau gesinn, mee déi awer op Gemengen-Niveau bekannt sinn, fir deem kënne Rechnung ze droen.”
Hei kënnen sech net nëmmen all Gemenge-Bierger mellen, mee och Frontalieren, déi an der Gemeng schaffen.
E Conseil fir interkulturellt Zesummeliewen
Weider gesäit de Gesetzestext op nationalem Niveau nach d’Schafe vun engem “Conseil Supérieur du vivre-ensemble intercuturel” vir, erkläert de Max Hahn.
“Wou 30 Leit wäerten dra sinn, déi de Minister an d’Politik solle begleeden an der Verbesserung vum Zesummeliewen zu Lëtzebuerg. Vun den 30 kommen der 16 aus de Gemengekommissiounen.”
De Familljeminister ass sech bewosst, datt dëse Gesetztext net d’Wonnerléisung fir déi grouss Problemer zu Lëtzebuerg ass. Sou missten zum Beispill nach vill Efforte gemaach ginn, fir ënnert anerem den Demandeurs de Protection internationale et ze erméiglechen, sech un eisem Liewen ze bedeelegen.
Bei der Participatioun hëllefen
Dat neit Gesetz géif awer dozou bäidroen, Informatiounen iwwer d’Land an iwwer déi administrativ Demarchen méi einfach ze verbreeden.
“Dat eent ass informéieren, dat anert ass participéieren. Dat heescht och gesinn, wou ginn da Saachen ugebueden? Wou kann ech higoen?"
Elo gëllt et, all déi néideg Instrumenter auszebauen an de Gesetzestext mat Liewen ze fëllen, sou nach de Familljeminister Max Hahn.