search

/ Fall vun haislecher Gewalt zu Klierf: Verdächtegen Ex-Partner konnt gestallt ginn

Police

|
reading time

1 min

Fall vun haislecher Gewalt zu Klierf: Verdächtegen Ex-Partner konnt gestallt ginn

D'Police war zu Klierf an eng Wunneng geruff ginn an huet do eng blesséiert Fra fonnt. Eischten Informatiounen no huet den Ex-Partner si attackéiert a wier duerno geflücht. De Verdächtege konnt gestallt ginn.

reading time

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann)

Hien gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht. 

Weider deelt d'Police mat, datt ee Mann blesséiert gouf, dee mat senger friséierter E-Trotinett ënnerwee war. Hie wollt vu Jonglënster a Richtung Iechternach fueren an ass zu Kalesbaach gefall. D'E-Trotinett gofu beschlagnaamt an de Mann huet ee Protokoll kritt.