Dee klengen Hond ass zesumme mat 20 aneren Hënn a Kazen an d‘EU komm. Et kéint sinn, datt och eent oder méi vun deenen Déieren op Lëtzebuerg komm wieren.
Zanter 2001 gouf et hei zu Lëtzebuerg kee Fall vun Tollwut méi. D‘ALVA rappeléiert, datt Tollwut déidlech ass, souwuel fir wëll, wéi och Hausdéieren an datt Tollwut och op de Mënsch iwwerdroe ka ginn. Bei 99 Prozent vun den déidleche Fäll bei Mënschen ass de Virus vun engem Hond iwwerdroe ginn.
D‘ALVA mécht dofir en Appell, datt ee keng Déiere soll importéieren, déi kee Gesondheetspass hunn a recommandéiert, just bei agreéierten Ziichter oder unerkannten Asyler Déieren unzeschafen an se duerno direkt beim Veterinär kontrolléieren ze loossen.