arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Santé recommandéiert Grippenimpfung fir Leit, déi mat wëllen Déiere schaffen

Vullegripp

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Santé recommandéiert Grippenimpfung fir Leit, déi mat wëllen Déiere schaffen

Beim aktuellen Opruff vun der Santé un all Persounen, déi am Alldag mat wëllen Déieren ze dinn hunn, sech impfen ze loossen, geet et ëm déi normal Grippenimpfung. Dat ënnersträicht d'Anne Vergison, Cheffin vun der Inspection Sanitaire am 100,7-Interview.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Vullegripp (Symbolbild) | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Vullegripp (Symbolbild) (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

Déi normal Grippenimpfung wier wichteg, well et och ëmmer nees zu Fäll kënnt an deenen d'Vullegripp sech op Mamendéieren iwwerdréit.

A rare Fäll kënne sech och Schwäin infizéieren 

De Grippevirus entwéckelt sech am allgemengen duerch nei Kombinatioun ëmmer nees virun. Virun allem bei Schwäi géif et ganz dacks zu esou neie Kombinatioune kommen, erkläert d'Dokter Anne Vergison. An d'Schwäi kënne sech och mat Vire vu Vullen infizéieren.

"Et comme il y a des États, des pays où on a des élevages ou coexistent  cochons et oiseaux, canards en particulier, les virus peuvent se recombiner chez le cochon, qui ne sera pas spécialement lui plus malade, mais on peut de temps en temps voir un nouveau virus." 

Wa gläichzäiteg also d’saisonal Gripp am Ëmlaf ass, erméiglecht dat eng weider Rekombinéierung vu Grippeviren. Dofir wier et wichteg sech géint déi saisonal Gripp ze impfen. Et kann nämlech a ganz rare Fäll geschéien, datt de Mënsch sech infizéiert, ouni datt en awer géif schwéier krank gëtt.

Keng speziell Vullegrippimpfung 

Zu Lëtzebuerg an och an Europa wieren där Fäll nach net bekannt. Uechter d'Welt géife sech awer ëmmer méi dacks Fäll weisen, an deenen d'Vullegripp sech op virun allem wëll Déieren iwwerdréi.

"Notamment les mammifères dans la faune sauvage, en particulier ceux qu'on trouve et qu'on analyse nous le plus souvent, comme les renards, mais aussi les martres, il y a aux États-Unis récemment des rats." 

Deemno sollen net just Leit, déi mat Vullen ze dinn hunn, sech impfe loossen. Mee och Leit, déi berufflech oder an hiren Hobbye vill a Kontakt mat wëllen Déiere stinn, zum Beispill Jeeër. Dës Impfung kritt een ënner anerem beim Aarbechtsdokter oder beim Generalist.

D'Anne Vergison ënnersträicht och, datt et sech bei dëser Impfung net ëm d'Impfung géint d'Vullegripp handelt. Fir de Rescht vun der Populatioun ass et den Opruff, opmierksam ze sinn:

"Si on trouve un animal mort, de ne pas le toucher, de ne pas le manipuler et d'appeler les services vétérinaires qui sont compétents pour venir récolter l'animal en prenant toutes les précautions nécessaires".

Déi zoustänneg Plazen, bei deenen een en doudegt Déier melle soll, wieren deemno d'ALVA oder d'ANF. Déi géifen dann déi néideg Analyse maachen.

Bis ewell keng weider Informatioune vun der ALVA 

Op eis Nofro hat d'ALVA e Freideg och nach keng weider Informatiounen zur Entwécklung vun der Vullegripp zu Lëtzebuerg. Natur&Ëmwelt mécht an engem Communiqué och op déi vulnerabel Situatioun vun Zuchvullen, notamment Hoergänsen, opmierksam. Et wier deemno wichteg hir Liewensraim, notamment Fiichtgebidder ze beschützen.

play_arrow Lauschteren