Iwwer 80 Prozent vun de Befrote Beamten hunn uginn, datt si schonn eng Kéier wärend dem Déngscht aggresséiert gi sinn. Dat wier net iwwerraschent, mengt de Pascal Peters, Generaldirekter vun der Police, am 100,7-Interview. Et hätt een dee Phänomen scho länger observéiert.
“Wärend der Covid-Zäit ass de Mangel u Respekt vis à vis vun de Beamte ganz bemierkbar ginn.”
Reng statistesch gesinn ass d’Zuel vun den Outragen a Rebelliounen zwar stabel bliwwen, seet de Pascal Peters, mee d’Gefill bei de Polizisten ass, datt si méi Aggressiounen um Terrain verspieren.
De Kolleegen net méi Aarbecht verursaachen
Wéi awer léisst sech deen Ecart erklären? Eventuell géing net all Fall zu Pabeier bruecht ginn, mierkt de Generaldirekter vun der Police un.
Dacks wëlle Polizisten intern kee Suivi duerch eng Plainte verursaachen, fir den Aarbechtskolleegen – a sech selwer – Aarbecht an Zäit ze erspueren, erkläert de Pascal Peters.
Et ginn awer och extern Facteuren: Op de Suivi vun de Protokoller duerch d’Justiz huet d’Police beispillsweis keen Afloss.
Intern wéilt een d’Prozedure verbesseren, seet de Pascal Peters. D’Zesummenaarbecht mat der Justiz soll harmoniséiert ginn, genee wéi och d’Prise en charge vun de Leit, fir datt och kee Beamten zéckt, fir eng Plainte ze déposéieren.
Éischt positiv Effekter duerch d'Bodycam?
Méi Patrulle kéinten do hëllefen, oder méi Leit, déi Plainten entgéinthuelen, erkläert de Police-Generaldirekter. Dobäi kënnt d’Bodycam, déi zënter Mëtt 2025 am Asaz ass.
“Domadder hu mir en objektiivt Mëttel zur Verfügung an Zeenen op Bild an Toun sinn eng Preuve méi.”
Den Effekt vun der Bodycam kéint een nach net sécher soen, seet de Pascal Peters. No 2 Joer soll eng Evaluatioun gemaach ginn. D’Rebelliounen hätte par rapport zu 2024 net ofgeholl, dofir awer d’Outragen: Déi wieren ëm 20 Prozent erofgaangen. Elo misst ee kucken, ob deen Trend unhält.
“Dat kéint en Effekt vun der Bodycam sinn, déi eng ofschreckend Wierkung huet.”
Vu méi strenge Strofen hält de Pascal Peters net onbedéngt vill. Wann een e Polizist beleidegt oder aggresséiert, géing een deen Ament net un d’Strof denken, seet hien.
Fall vu Policegewalt am Garer Quartier: "Dat entsprécht absolut net eiser Deontologie"
Viru Geriicht steet aktuell e Fall vu Policegewalt am Garer Quartier. Véier fréier Poliziste gëtt virgehäit, e Mann festgeholl a geschlo ze hunn. Dono solle si probéiert hunn, dat Ganzt ze vertuschen.
De Police-Generaldirekter huet dëst Verhalen am 100,7-Interview nach emol schaarf verurteelt.
“Dat entsprécht absolut net eiser Deontologie an eise Wäerter bei der Police, déi mir héich halen. Mir wëllen dofir suergen, datt dat net nach eng Kéier virkënnt. An d’Leit, déi denoncéieren, déi solle gestäerkt ginn.”
An deem hei Fall hätten zwee Beamten denoncéiert, preziséiert de Pascal Peters. Viru Geriicht huet ee vun hinnen – e jonke Polizist – ausgesot, hie géing dowéinst elo an der Police gemobbt ginn an als “Rat” bezeechent ginn.
Konkreet Hiweiser op esou Uschëllegungen hätt een nach net, seet de Pascal Peters, mee deenen Allegatiounen géing ee “selbstverständlech” nogoen.
“Mir wäerten och en neien Check maachen, wéi d’Wäerter an der Police vermëttelt an ëmgesat ginn. (...) Et geet drëms, eng Bestandsopnam ze maachen, an op verschiddene Plazen nozebesseren.”
Rumänesch Polizisten op Patrull zu Lëtzebuerg
Rezent ass och eng Kooperatioun mat der rumänescher Police ugelaf. Zwee Beamten aus Rumänie patrulléiere gemeinsam mat der Lëtzebuerger Police. Dat zënter dem Ufank vum Mount.
Dës Missioun hätt als Basis den Traité de Prüm, dee virgesäit, datt ee mat anere Länner gemeinsam Patrullen assuréiere kann. Den Haaptbut wier an deem hei Fall den Informatiounsaustausch, erkläert de Pascal Peters.
“Si begleeden aktuell d’Patrullen an der Stat. Et geet ëm d’Informatiounsgewënnung. Mir wëssen duerch vill Kontrollen, datt et grad bei der rumänescher Communautéit wichteg wier, wa Polizisten dobäi wieren, déi och d’Sprooch schwätzen.”
Et wéilt ee virun allem un Informatiounen zur organiséierter Kriminalitéit kommen, preziséiert de Police-Generaldirekter. Déi rumänesch Polizisten hätten ausserdeem Accès op hir eegen Datebanken.
Kooperatioun mat der Bundespolizei
Ugangs den 2000er Joren hätt Lëtzebuerg eng éischte Kéier gefrot gehat, fir esou Agenten ze kréien. Dat hätt awer deemools net geklappt gehat, seet de Pascal Peters. An de Joren 2021 an 2022 wier e weideren Effort lancéiert ginn. Deemools krut een assuréiert, datt alles iwwer "Verbindsungsbeamten" zu Bréissel lafe soll. Déi sinn awer iergendwann net méi ersat ginn, seet de Pascal Peters.
Weider Kooperatiounen an deem Stil sinn awer net geplangt.
“Aktuell ass et haaptsächlech déi rumänesch Communautéit, déi opfälleg gi sinn. Dofir beschränke mir eis op déi Kooperatioun.”
Doriwwer eraus ass eng nei Kooperatioun mat der däitscher Bundespolizei ugelaf. Och géing et drëms goen, der organiséierter Kriminalitéit laanscht d’Grenz op d’Spuer ze kommen. An enger zweeter Phas sollen déi Patrullen och op Zich ausgedeent ginn, wéi et och scho mat der belscher franséischer Police de Fall ass.