arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A voller Pompjeesmontur d'Trape vun der Ulmer Münster erop

Trapelaf

|
reading time

2 min

A voller Pompjeesmontur d'Trape vun der Ulmer Münster erop

Den Zenterchef vum Useldenger CGDIS, de Claude Kaufmann, ass zesumme mat engem anere Pompjee déi ronn 560 Träppleker vun der Ulmer Münster am Süde vun Däitschland eropgaangen. Dat net an de Sportskleeder, mee a voller Pompjeesmontur.

reading time

2 min

© Claude Kaufmann, Useldenger CGDIS
(Foto: Claude Kaufmann, Useldenger CGDIS)

D'Wendeltrap an der zweethéchster Kierch op der Welt ware wuel méi enk, wéi déi zwee Pompjeeë gemengt haten. Mat der ganzer Montur a mam Otemschutzgerät konnte si just hannerenee goen, wéi de Claude Kaufmann am 100,7-Interview erzielt. 

"Am 30 Sekonnen Ofstand ginn d'Coureuren un den Depart. Dat gëllt esouwuel fir d'Sportsleefer, wéi och fir d'Pomjeesleit. Et ass awer esou, datt ee Leit ënnerwee begéint, déi een dann iwwerhëllt oder déi een iwwerhuelen." 

Fir ze iwwerhuele misst een dee richtege Moment ofwaarden, well d'Trapen esou schmuel sinn, esou den Zenterchef vun Useldeng. 

102 Héichtemeter

Si wieren an hirer Asaztenue un de Start gaangen, erkläert de Claude Kaufmann. 

"Wéi mir op e Feier ginn. Dat heescht: d'Botinnen, eng Stuermbox, eng Stuermjacket, een Helm, d'Ootemschutzgerät um Bockel. An Händschen natierlech." 

An der Sauerstofffläsch wiere 6,8 Liter Volumen dran. Dat wier labber duergaangen.

"Wat am Normale fir en Asaz duergeet, fir jee no Belaaschtung ronn 20 Minutten ze schaffen. Dat geet dann an deem hei Fall och duer fir esou eng Trap eropzegoen." 

7 Minutten a sechs Sekonne huet hie gebraucht, esou de Claude Kaufmann. Säi Kolleg huet 7 Minutte 44 Sekonne gebraucht. De Gewënner vun der Kategorie vun de Pompjeesleit wier bei 4 Minutte 40 ongeféier gewiescht, mengt de Claude Kaufmann. 

"E ganz gudde Laf hu mir fonnt." 

© Claude Kaufmann, Useldenger CGDIS
(Foto: Claude Kaufmann, Useldenger CGDIS)

Lauschtert hei dat ganzt Gespréich mam Useldenger Zenterchef