Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Gisèle Pélicot: "Ech sinn eng total zerstéiert Fra"

Frankräich

Gisèle Pélicot: "Ech sinn eng total zerstéiert Fra"

"Ech sinn eng total zerstéiert Fra, mee ech sinn determinéiert fir d‘Gesellschaft ze änneren." Dat sot d‘Gisèle Pelicot, d‘Affer am Prozess vun de Vergewaltegunge vu Mazan, haut um Mëttwoch viru Geriicht. Si wéilt net méi, datt Fraen, déi vergewaltegt goufen, sech schumme géifen, mee datt d‘Täter sech schumme sollten, esou déi 71-Joer al Fra.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Romain Doucelin
Foto: picture alliance / NurPhoto | Romain Doucelin

Et ass déi 2. Kéier, datt si am Prozess d‘Wuert ergraff huet. Den Haaptbeschëllegten, hiren Ex-Mann Dominique Pelicot, kritt virgehäit, si iwwer 10 Joer laang drogéiert ze hu fir si selwer ze vergewaltegen an och vun Dosende Männer vergewaltegen ze loossen, déi hien online rekrutéiert huet.

Den Dominique Pelicot huet d‘Faitte scho gestanen. Hie riskéiert – grad wéi déi 50 aner Ugekloten – bis zu 20 Joer Prisong.