arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fall Fernandes: Grouss Demonstratioune an Däitschland géint sexuell Gewalt u Fraen

Däitschland

|
reading time

3 min

Fall Fernandes: Grouss Demonstratioune an Däitschland géint sexuell Gewalt u Fraen

Manifestéiert gouf ënner anerem zu München, Köln a Saarbrécken. Hannergrond vun der aktueller Debatt iwwer sexuell Gewalt géint Fraen an Däitschland si Virwërf vun der Schauspillerin Collien Fernandes géint hiren Ex-Mann. Si seet, hien hätt pornografesch Duerstellunge vun hir am Internet verbreet.

reading time

3 min

Demonstratioun zu Berlin géint sexuell Gewalt u Fraen | © EPA/CLEMENS BILAN
Demonstratioun zu Berlin géint sexuell Gewalt u Fraen (Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Zënter Jore géifen am Internet an op sozialen Netzwierker gefälschte Fotoen a Videoe vun der daitescher Schauspillerin Collien Fernandes verbreet ginn. Dat huet si viru gutt zwou Wochen an enger Tëleesemissioun vum SWR publik gemaach. 

Produzéieren a Verbreeder vu gefälschte sexualiséierten Opnamen aktuell net strofbar 

Kuerz dorop huet d'Collien Fernandes, zesumme mam Noriichtemagasinn DER SPIEGEL, oppegeluecht, datt hire fréiere Partner, de Schauspiller Christian Ulmen, soll hanner dëse esougenannten Deepfakes stoen.

Doropshin ass eng Protestbeweegung a ganz Däitschland lassgetrëppelt ginn. Dat aus guddem Grond, wéi d’Ronith Schalast vun der Initiativ "Nur Ja heißt Ja", déi d'Demonstratioune zu Berlin an zu München organiséiert hunn, um Mikro vun der ARD sot. 

"Wir stehen hier, um auf ein System aufmerksam zu machen, das Betroffene nicht schützt, vor digitaler sexueller Gewalt, aber auch vor analoger sexueller Gewalt."

Gesetz an der Virbereedung

An Däitschland ass d’Produzéiere vu gefälschte pornografeschen Opnamen, esougenannten Deep Fakes, am Moment net strofbar. An och wéinst dem Verbreede vun esou Opname kann een net onbedéngt belaangt ginn. Dat soll sech elo awer änneren. D’Justizministesch Stephanie Hubig vun der SPD huet annoncéiert, séier e Gesetz virzeleeën, wat d’Erstellen an d’Verbreede vu sexualiséierten Deep Fakes ënner Strof stellt.

"Millionen Frauen in Deutschland sind von Gewalt betroffen. Es sind keine Einzelfälle, es ist die tagtägliche Realität unzähliger Frauen. Sie erleben tagtäglich Gewalt, ohne dass es einen öffentlichen Aufschrei gibt, ohne dass es breite Solidarität gibt. Und das müssen wir ändern."

Am Bundestag si sech bal alleguer d’Parteien eens, datt et méi Schutz fir Fraen am digitale Raum braucht. D’Gesetz, un deem schonn zënter leschtem Summer geschafft gëtt, dierft elo séier am Regierungsrot gestëmmt ginn.