Radioen

On air

Grousse Kino  |  Alberto Iglesias - Snow Is Falling Upon the Living and the Dead

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ FGFC mécht Drock: Gehälteraccord soll endlech fir jiddereen an der Fonction publique gëllen

Gewerkschaft vun de Gemengebeamten

FGFC mécht Drock: Gehälteraccord soll endlech fir jiddereen an der Fonction publique gëllen

Der FGFC geet et elo duer: An engem Communiqué fuerdert d‘Gewerkschaft vun de Gemengebeamten, datt de Gehälteraccord endlech fir jiddereen an der Fonction publique misst gëllen.

auto_stories

1 min

© Jo Diseviscourt
Foto: Archiv

Zënter zwee Joer ass de Gehälteraccord beim Staat a Kraaft, mee am Gemengesecteur ass e bis elo nach net ganz ëmgesat ginn, well nach ëmmer Avise vum Staatsrot feelen.

Déi Ongläichbehandlung géif bei de Betraffene fir Frustratioun suergen. D‘FGFC wéilt net méi d‘Roll vum "Buhmann" spillen. Et kéint net sinn, datt d‘Regierung, de Staatsrot an d‘Chamber d‘Gemengebeamte géifen ignoréieren an si vernoléissegen.

D‘Gewerkschaft vun de Gemengebeamte fuerdert déi politesch Responsabel op, direkt ze handelen.