Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'FGFC fuerdert weider ee sektoriell eenheetleche Kollektivvertrag fir de Gemengesecteur

Gemengepaien

D'FGFC fuerdert weider ee sektoriell eenheetleche Kollektivvertrag fir de Gemengesecteur

No der OGBL-Kritik wéinst héijen Differenze bei den Employésgehälter tëschent Nord- a Südgemengen, widderhëlt d’Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC hir Fuerderung no engem sektorielle kommunalen eenheetleche Kollektivvertrag fir all Salariéeën.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Suen Geldstécker Euro | © Bigstock / weyo play_arrow
Foto: Bigstock / weyo

D’Gewerkschaft OGBL hat den Dënschdeg dat definivt Ofschafe vu Lounongerechtegkeete fir dat ganzt Personal vu Gemengen, Gemengesyndikater a beim Staat gefuerdert. Am Süden an am Zentrum vum Land hätten d’Gemengevertrieder d’Fuerderung fir méi Loungerechtegkeet tëschent Beamten an Employée gedeelt.

A groussen Deeler vun de Gemengen am Norde géif et awer nach ëmmer een Zwee-Klasse-System ginn, bedauert den OGBL.

Claude Reuter: Diplom=Lafbunn

Als Reaktioun dorop seet den FGFC-President Claude Reuter, datt een eenheetleche sektorielle Kollektivvertrag néideg wier. Hie kéint net soen, firwat et nach kee sou ee Kollektivvertrag gëtt, am Beräich vun de Gemengesalariéë wieren aner Gewerkschafte majoritär.

"Mir bleiwe just dobäi, wann et bei de Fonctionnairen an Employé communauxen d’selwecht gehandhaabt gëtt, heescht Diplom Lafbunn. Da misst et och bei de Salariéen esou sinn, fir eng eenheetlech Form am ëffentlechen Déngscht ze behalen."

FGFC: Ëffentlech Prestatioune mussen d'selwecht bezuelt ginn

Hie kéint novollzéien, datt Gemengeresponsabeler ënner engem gewësse Käschtendrock géife stoen, seet de Claude Reuter. Et wier deemno schwiereg fir d'Differenze bei de Gehälter vun den Employen tëscht Nord- a Südgemenge auszegläichen.

"Mir bleiwen trotzdeem dobäi, datt et ëffentlech Gelder sinn, eng ëffentlech Prestatioun gëtt geleescht, an déi soll och wannechgelift op all Patronatsniveau d’selwecht remuneréiert ginn."

Den OGBL hat den Dënschdeg ënner anerem kritiséiert, datt d’Buergermeeschterin vu Rammerech d’Léin am ëffentlechen Déngscht bewosst niddreg géif halen, fir déi Beschäftegt aus dem Privatsecteur net ze benodeelegen.

Lauschterenplay_arrow