arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ FEDIL iwwer nei US-Stroftaxen: Manktem u Planungssécherheet net gutt fir d'Industrie

International Wirtschaft

|
headphones

4 min

headphones

12 min

play_arrow

FEDIL iwwer nei US-Stroftaxen: Manktem u Planungssécherheet net gutt fir d'Industrie

Den US-amerikanesche Supreme Court an den USA huet dem Donald Trump seng Taxe gekippte. Deen huet direkt neier decidéiert. Vill hin an hier, wat der Industrie virun allem a Punkto Planungssécherheet ze schafe mécht, wéi den Yves Germeaux vun der FEDIL am 100,7-Interview erkläert.

headphones

4 min

headphones

12 min

play_arrow
Den Yves Germeaux vun der FEDIL. | © Jo Diseviscourt
Den Yves Germeaux vun der FEDIL. (Foto: Jo Diseviscourt)

De Supreme Court an den USA huet dem President Donald Trump seng Stroftaxen, déi hien den 2. Abrëll um sougenannte Liberation Day ugekënnegt hat, gekippt.

Net awer alleguer d’Taxe sinn dovu betraff, wéi den Yves Germeaux erkläert. Hien ass bei der Industrielle-Federatioun FEDIL fir déi international Handelsrelatiounen zoustänneg.

Noutstand als Grond net iwwerall valabel

Betraff si just déi Taxen, déi sech op den International Emergency Economic Powers Act bezunn hunn. An anere Wierder: Déi Taxen, bei deenen als Grond en Noutstand genannt gëtt.

De Supreme Court sot awer elo, datt een net permanent vun engem Noutstand schwätze kéint. Ausserdeem hätt den Donald Trump och de Kongress misse froen.

Bei den neie Stroftaxen, déi den US-President direkt duerno ugekënnegt huet, stäipt hie sech op en aneren Artikel aus dem US-Handelsgesetz.

Den Importateur ass betraff, net den Exportateur

Interessanterweis sinn et bis elo net d’Exportateure gewiescht, déi dës Taxe bezuelt hunn, mee d’Importateuren. Also déi Entreprisen, déi Wueren aus der Welt an d’USA importéiert hunn. Dës Firmen hunn d’Taxen dunn un den Endkonsument viruginn.

Zu där Conclusioun koum och de Kieler Wirtschaftsinstitut, dee seet, datt effektiv 96 Prozent vun den Taxe vum US-amerikaneschen Endclient gedroe ginn. Mee och den Exportateur leit, well seng Produite méi deier gi sinn.

Den Yves Germeax vun der FEDIL betount awer och, datt et vu Secteur zu Secteur ofhänkt. Grad d’Automobil- an d’Stolbranche géingen am meeschte leiden.

Fir ArcelorMittal ännert sech beispillsweis näischt, well déi 50 Prozent Stroftaxe fir de Stol weiderhi gëllen. Déi europäesch Stolorganisatioun Eurofer huet rezent uginn, datt an der zweeter Hallschent vun 2025 d’Stolexporter aus Europa an d’USA ëm 30 Prozent agebrach sinn. Dobäi kënnt, datt den europäesche Marché vun asiateschem Stol iwwerschwemmt gëtt.

Fir de Client bleift wuel trotzdeem näischt iwwereg

Den US-Staat huet duerch dës Taxe bis ewell ronn 175 Milliarden US-Dollar ageholl. Theoreetesch kéinten d’Entreprisen dës Suen elo zeréckfroen. Verschidde Firme géingen sech well dorop preparéieren, wéi den Yves Germeaux seet. Hie mengt awer och, datt d’US-Regierung net wëlles huet, dës Suen nees zeréckzeginn.

“Et gëtt sech e laangt Verfaren erwaart. An ob den Endkonsument eppes dovu gesäit, bleift ze gesinn.”

Entreprisë kéinten op fräiwëlleger Basis d’Suen nees un hir Clientë viruginn. Den Yves Germeaux schätzt déi Chancen allerdéngs als geréng an. Iwwer Sammelkloe kéint een dat eventuell erreechen.

“Den Endclient ass net deen, deen direkt Beneficiaire dovu wäert sinn.”

D’Finanzmäert hunn dem Supreme Court seng Decisioun iwwerdeems positiv opgeholl. Et gëtt erwaart, datt verschidden Entreprisë wéi beispillsweis Amazon dovu profitéiere kéinten. Och e Jeff Bezos verzicht ongär op Milliardebeträg.

Nei Stroftaxen: Europa kënnt méi schlecht ewech

Den Donald Trump huet direkt nei Stroftaxen ugekënnegt. Vu 15 Prozent ass rieds. Dat op all Importer, egal vu wou op der Welt.

Den europäeschen Deal mat den USA, deen d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen a Schottland ausgehandelt hat, gesäit maximal 15 Prozent Stroftaxe vir. Déi nei Taxe géingen dësen Deal awer net respektéieren, warnt den Yves Germeaux.

Ausgehandelt goufe 15 Prozent “flat”, also ouni Zousazkäschten. Elo ass et esou, datt déi 15 Prozent op scho bestoend Taxen uewendrop kommen. Nominell leien d’Taxen also iwwer 15 Prozent.

Europa kënnt also liicht méi schlecht ewech wéi nach virdrun. Aneschters gesäit dat fir Brasilien a China aus, déi elo profitéieren. Et wier also falsch ze mengen, datt elo jiddereen op der Welt d’selwecht behandelt gëtt, betount de Vertrieder vun der FEDIL.

Onsécherheet ass der Industrie hire gréisste Feind

Ass den Deal mat den USA dann elo hifälleg? Den Yves Germeaux erkläert, datt een innerhalb vu Business Europe - dem Daachverband vun den europäeschen Industrielle-Vertrieder - vun Ufank u géint de Prinzip vu Stroftaxe war. Et konnt ee sech awer drop eenegen, datt den Deal mat den USA de Betriber Planungssécherheet ginn huet. Elo wier een an enger Situatioun, wou dat net méi de Fall wier.

“Elo ass net gewosst, wat wéini muss bezuelt ginn. Déi ganz Onsécherheet ass immens komplizéiert fir d’Wirtschaft.”

D’FEDIL géing deemno begréissen, wa vun Europa eng kloer Ausso kéim, datt den Deal mat den USA bestoe bleiwe géint, well sech déi gesamt europäesch Industrie schonn op dës Situatioun agestallt hätt, esou nach den Yves Germeaux.

play_arrow Lauschteren