Radioen

On air

9 bis 1  |  Remi Wolf - Cinderella

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ FEDIL-Direkter stëmmt dem LCGB zou: "De Bedarf, een Aen op d'Industrie ze halen" wier do

Reaktioun vum René Winkin

FEDIL-Direkter stëmmt dem LCGB zou: "De Bedarf, een Aen op d'Industrie ze halen" wier do

Bei enger Partie Industrie-Entreprisë kriselt et. Dat confirméiert de FEDIL-Direkter René Winkin. Net déi ganz Industrie wier awer an enger Kris.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Gewerkschaft LCGB hat gëschter matgedeelt, datt d’Entreprise DuPont de Nemours zu Conter vun enger geplangter weltwäiter Käschtereduktioun vum Grupp kéint betraff sinn, an Aarbechtsplaze riskéieren ofgebaut ze ginn. 

Zum méiglechen Impakt op Lëtzebuerg, seet de FEDIL-Direkter René Winkin, datt hien dovun aus geet, dat ënner Sozialpartner kënnen ze léisen

De René Winkin erënnert dorun, datt de Moment eng ganz Partie Secteure Problemer hunn, ënner anerem wéinst den nach ëmmer héijen Energiekäschten. Et géif zum Beispill och hei am Land wesentlech manner gebaut ginn.

"Vill vun eisen Industrien zu Lëtzebuerg schaffen direkt oder indirekt dem Bausecteur zou. Déi Aktivitéit geet zréck."

Vill Industriebetriber géifen an der aktueller Situatioun Chômage partiel ufroen, erkläert den Direkter vun der FEDIL.

"Si zéien en net all. Dat ass awer een Zeechen, datt eigentlech annerhallwe Mount virdru vill Industrien net wëssen, ob si hir Leit all kënnen annerhallwe Mount duerno beschäftegt kréien."

No der sektorieller Tripartite vum leschten Abrëll, verlaangt den LCGB elo, datt déi nächst Regierung d’Acteuren aus der Industrie rëm séier soll zesumme ruffen, fir déi aktuell Situatioun ënnert d’Lupp ze huelen. Dozou seet de René Winkin vun der FEDIL.

"De Bedarf de Punkt ze maachen, an een Aen, wann net zwee Aen op der Industrie ze halen, an op hir Rahmebedingungen, do ginn ech dem LCGB Recht, datt dat sollt gemaach ginn."

Doriwwer eraus seet de FEDIL-Direkter, datt een zouversiichtlech wier, mat der nächster CSV-DP-Regierung ouni ze vill Zäit ze verléieren, déi wichteg Dossiere weider kéint upaken.

Lauschterenplay_arrow