Am Fall vu méi wéi enger Tranche pro Joer gëtt d’Tripartite zesumme geruff, fir Mesuren ze huelen, steet am Regierungsprogramm. De Previsioune vum STATEC no géifen am véierten Trimester dëst Joer an am drëtten Trimester 2025 Indextranchen erfalen. Dat am Fall wou d’Energiepräisdeckelen d’nächst Joer net méi géife spillen.
Energiepräisdeckelung: manner deier wéi 2023?
Wann d’Energiepräisser nach méi staark géife klammen, da géife souguer dräi Indextranchë fälleg ginn: eng am drëtten Trimester dëst Joer an zwou weiderer am zweeten an drëtten Trimester 2025.
Fir eng Energiepräisdeckelung fir dat nächst Joer wieren dem FEDIL-Direkter René Winkin no manner staatlech Suen néideg, wéi nach fir 2023 an 2024.
"Woufier? Ma well awer an der Tëschenzäit d’Cotatioune vu Gas a vu Stroum ee gudde Krack zeréckgaange sinn. Si sinn nach net esou niddreg wéi do, wou mir d’Ausgangsjoer hunn. Dat ware jo d’Präisser wéi se am Hierscht 2022 waren."
Méi geziilt Mesuren
Den Energieminister Lex Delles hat d’lescht Woch bei RTL ënnert anerem gesot, datt een d’Inflatioun nëmmen an de Grëff kéint kréien, wann een den Energiepräis weider generell géif deckelen.
Dat wier deemno och an Zukunft eng generell Interventioun fir de Gesamtpräis ofzedeckelen, esou d’Analys vum Direkter vun der FEDIL, René Winkin.
"Och fir d’Leit, déi vill Suen hunn, grad wéi fir d’Leit, déi manner Suen hunn. Méi geziilt, dat wier dann éischter eng Tripartitemoossnam. Wann et awer ouni Tripartite misst goen, da wier et weiderhin eng generell Moossnam op d’Präisser, wou dann och d’Inflatioun ofgebremst ass, an deen Ablack d’Indextranchen och géif am Grëff behalen."
Aus den Aussoe vum Energieminister vun der leschter Woch liest de FEIDL-Direkter och eraus, datt de Lex Delles ee Virschlag wéilt maachen, fir ze probéieren, fir méi sozial selektiv op d’Energiepräisser anzewierken.
"An e wäert probéieren ze kucken, wat technesch a politesch machbar ass, an dann déi Propos der Regierung ze ënnerbreeden. Dat wier eng gutt Initiativ vu senger Säit."