Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ FEDAS lancéiert Plaidoyer social

Federatioun vun Acteuren am soziale Secteur

FEDAS lancéiert Plaidoyer social

Dat deelt d‘Federatioun vun den Acteuren am soziale Secteur mat. Dee Plaidoyer soll sech fir d‘Interête vum soziale Secteur asetzen, dat am Kontext vun der Caritas-Affär, déi de soziale Secteur sensibiliséiert hätt.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Deen neie Plaidoyer social hätt awer näischt mat der Caritas ze dinn a géif och net der Caritas hire politesche Plaidoyer iwwerhuelen, esou de Thomas Lentz, den Generalsekretäer vun der FEDAS.

Ausso lauschterenplay_arrow

Zu de Missioune vum Plaidoyer social vun der FEDAS gehéiert zum Beispill de soziale Secteur besser bei de politeschen Instanzen ze representéieren, déi sozial Gerechtegkeet an d‘Inclusioun ze fërderen oder och eng nohalteg Finanzéierung vum soziale Secteur ze garantéieren.