Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Extreem Keelt verschlëmmert Situatioun fir Leit ouni Dach iwwer dem Kapp

Extreem Keelt

Extreem Keelt verschlëmmert Situatioun fir Leit ouni Dach iwwer dem Kapp

Mat der Alerte viru grousser Keelt gëtt d'Situatioun fir Leit ouni Daach iwwer dem Kapp nach e Stéck méi schwiereg wéi se souwisou schonn ass. Déi nächst Nuecht kënnen d‘Temperature plazeweis ënner minus 10 Grad falen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Winfried Rothermel | Winfried Rothermel
(Foto: picture alliance / Winfried Rothermel | Winfried Rothermel)

D‘Wanteraktioun, déi verschidde Foyeren a Streetworker sollen hëllefen déi gréissten Nout ze verhënneren.

Mam Ausbau vun der Kapazitéit bei der Wanteraktioun um Findel, dem gehëtzten Zelt, dat d’Militär installéiert huet, a verlängerten Ouvertureszäite vun deenen anere Strukture géif een op déi aktuell zougespëtzte Situatioun reagéieren, sou de Familljeminister Max Hahn op eis Nofro hin.

Dobäi kéime Streetworker wéi zum Beispill déi vu „Premier Appel“ déi geziilt Plaze géifen opsichen, wou Leit am Fräien iwwernuechten. Si géife Plazen an enger Struktur proposéiert kréien, oder awer mat Decke versuergt ginn.