search

/ No Mobbingvirwërf: Externen Audit vum Ministère op der uni.lu soll Mëtt Abrëll ulafen

Uni.lu

|
headphones

3 min

No Mobbingvirwërf: Externen Audit vum Ministère op der uni.lu soll Mëtt Abrëll ulafen

Zënter dem Hierscht waren ëmmer nees Reprochë géint d’Gouvernance an d'Ressources humaines vun der Uni.lu public ginn. Dorënner Fehlmanagement an Harcèlement. D’Virwërf bezéie sech op déi lescht fënnef Joer.

headphones

3 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

De But vum Audit wier ze iwwerpréiwen, ob d’Unisgesetz dat zënter 2018 en Vigueur ass nach zäitgeméiss wier, an ob d’Organisatioun vun der Uni.lu, déi 2003 gegrënnt gouf, an der haitegen Zäit nach Bestand huet, wéi d’DP-Héichschoulministesch Stéphanie Obertin erkläert.

"Den Audit vum Ministère, deen huet de Perimeter vun dem Gesetz. An all déi Organer, déi am Gesetz definéiert sinn, déi ginn an dësem Audit beliicht. Dat ass déi Organer Conseil de gouvernance, dat ass de Rektorat mam Rekter an et ass de Conseil universitaire. Mir ginn nach weider bis d'Doyen an d'Chefs de département." 

Audit vum Ministère soll virun allem Gesetz beliichten 

E Comité de Pilotage deen aus zwou Persoune vum Héichschoulministère an enger Expertin aus dem Ausland besteet soll den Audit superviséieren, esou d’Stéphanie Obertin.

"Mir kucke beliichten d'Uni vun uewe bis ënnen. Mir huelen, mir schreiwen et aus. Mir wëllen en externen Expertegrupp beoptragen, dee sech där Saach unhëlt, dee jiddwerengem d'Méiglechkeet gëtt, säin Avis ze ginn, jiddwerengem d'Méiglechkeet gëtt, seng Positioun ze huelen.

Et wéilt een d'Porblemer identifizéieren fir se dann unzegoen, esou d'Ministesch. 

"Mir wëllen och erausfannen, sinn d'Prozeduren net richteg, sinn d'Gesetzer net richteg, da wëlle mer dat änneren. Mir wëlle jo näischt verstoppen."

Zwee Audite parallel 

D’Liz Braz vun der LSAP an den David Wagner vun Déi Lénk hunn ënner anerem kritiséiert, datt am Audit vum Ministère, d'Studenten a Personal vun der Uni net consideréiert ginn.

D’Héichschoulministesch verweist, ob den aneren externen Audit vun der Uni.lu selwer, deen dës Stëmmen opfänke soll. D’Oppositiounspolitiker gesinn hei awer eng potentiell Gefor. Persoune kéinten aus Angscht em hier Karriär zécke fir hiert Uleies mat der Gouvernance vun der Uni ze deelen. Och wann dës per se anonym oflafe soll.

Resultater vun Audite sollen a séance public diskutéiert ginn 

D’Joëlle Welfring vun déi gréng ka sech net virstellen, datt neutral gepréift ka ginn, ob d’Gouvernance vun der Uni Lëtzebuerg nach zäitgeméiss wier, zemools wann een déi selwer freet.

Déi gréng Deputéiert kritiséiert, datt de Cahier de Charge sech wéi eng "Flichtübung" géif liesen. E wier net zilféierend opgestallt.

D’Françoise Kemp vun der CSV freet sech, wat geschitt, wann déi zwee Auditen zu ënnerschiddleche Resultater géife kommen.

"Et ass esou, datt ech prezis gefrot hat, wat geschitt, wann déi zwee Auditen entweeder sech widderspriechen oder munch Differenzen opweisen, wéi een et domadder ëmgeet. Do muss ech awer éierlech soen, datt ech vun der Madamm Ministesch keng kloer Äntwert kritt hunn."

Den LSAP-Deputéierte Ben Polidori huet an der zoustänneger Chamberkommissioun gefuerdert, datt d’Resultater vun deenen zwee Auditen an enger Séance public diskutéiert ginn, wann déi bis virleien. Dem huet d’Ministesch Stéphanie Obertin zougestëmmt.

D’Resultater géifen zäitno an der Héichschoul-Kommissioun virgestallt ginn.