Radioen

On air

Vue sur mer  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
search

/ Explikatiounen no der DDoS-Attack

Den Hallwer Néng

Explikatiounen no der DDoS-Attack

Viru véier Deeg sinn eng ganz Rei - an der Haaptsaach staatlech - Internetsitten Affer vun enger massiver DDoS-Attack ginn. Wat genau ass eng DDoS Attack? A wat fir ee Schued ass entstanen? De Patrick Houtsch, Direkter vum staatlechen IT-Service CTIE, an den IT-Sécherheetsexpert Jacques Federspiel, hunn Erklärunge ginn.

auto_stories

3 min

headphones

21 min

Patrick Houtsch an de Jacques Federspill | © Jo Diseviscourt play_arrow
Patrick Houtsch an de Jacques Federspill (Foto: Jo Diseviscourt)

 


Ganz eriwwer ass d’Attack nach net, well anscheinend kommen ëmmer nach kleng Wellen. Op jidde Fall war dat gëschter um Sonndeg nach de Fall, mee d’Situatioun ass awer ewell laang nees ënner Kontroll, an déi betraffe Sitten si jo och en Donneschdeg am spéiden Nomëtteg respektiv fréien Owend schonn nees ze erreeche gewiescht. Mee déi zoustänneg Autoritéiten hunn d’Situatioun natierlech déi ganzen Zäit weider am Bléck behal, och iwwer de Weekend.

D'Systemer hunn d'Attack séier erkannt

Den Dag selwer gouf d’Attack ganz séier bemierkt, wéi de Patrick Houtsch betount.

“Also dat geet ganz schnell. Mir hunn déi éischt Well erkannt, ech mengen et war fënnef op eelef. Do war de Site vun der Arméi net erreechbar. An op eise Systemer hu mir relativ schnell gesinn, datt dat eng DDoS-Attack ass.”

De CTIE hebergéiert méi wéi honnert staatlech Internetsitten. Déi waren och alleguer betraff, wéi de Patrick Houtsch confirméiert.

“Well déi gi jo gemeinsam hebergéiert, zwar op verschiddene Plattformen, awer Honnerte Plattformen, sou datt wann hei eng Plattform viséiert ass, datt dann alleguer d’Sitte betraff sinn, déi do hebergéiert sinn.”

Mee et goufen och anerer, net staatlech Sitte viséiert. D'Tageblatt oder och de Steiererklärungs-Site taxx.lu. Net sou ganz logesch, an et kann een doraus schléissen, datt d'Initiateure vun der Attack do och net ganz den Iwwerbléck haten.

“Jo, déi Initiateuren, déi d'Sitten erauswielen, déi attackéiert sinn, déi hu jo och keng detailléiert Kenntnis vum Ëmfeld hei zu Lëtzebuerg. An do kënnt et dann och emol vir, datt se och Sitte verwiesselen, oder datt se och net onbedéngt erkennen, wat fir eng Wichtegkeeten e gewëssene Site huet.”

Bei enger DDoS-Attack gëtt de Site a ganz kuerzer Zäit ganz dacks opgeruff, sou datt quasi ee "Stau" entsteet an de Site net méi erreechbar ass.

Dem Image schueden

Dovun ofgesin, datt déi betraffe Sitten iwwer eng länger Zäit net ze erreesche waren, ass elo kee finanzielle Schued entstanen, wéi en zum Beispill entstane wier, wann een Onlineshop Affer vun deem Ugrëff gi wier. Deen hätt jo dann eng Zäit kee Geschäft kënne maachen, an deemno keng Sue kënne verdéngen. Donnéeë si wéi et schéngt och keng geklaut ginn. Et war offensichtlech och net d’Zil vun dëser Attack fir u sensibel Daten ze kommen.

Mee wat war dann d‘Zil? Fir de Patrick Houtsch gëtt et do just eng plausibel Erklärung.

“D'Zil war net, e groussen ekonomesche Schued ze maachen. D'Zil war, méi e Schued ze maachen um Image vun engem Land, respektiv datt déi Leit, déi dohanner stinn, wëllen, datt vun hinne geschwat gëtt a si wëlle Visibilitéiten no baussen.”

Dat Bekennerschreiwes, wat opgetaucht ass an enger Telegram-Grupp, wou am Fong russesch oder pro-russesch Persounen d’Dot revendiquéieren wier also eng crédibel Pist, esou de Patrick Houtsch. Bei anere Länner hätt een dat och esou gesinn.

“Wien natierlech wierklech hannendru stécht, do kann ech mech net dozou äusseren. Dat ass natierlech ganz schwéier erauszefannen.”


Lauschterenplay_arrow