Och haut um Dënschdeg huet déi israeelesch Arméi, e puer Stonne virun de Gespréicher iwwer déi geplangte Waffepaus, op en Neits Ziler an der libanesescher Haaptstad Beirut attackéiert. De libaneseschen Autoritéiten no wieren dobäi op d’mannst dräi Mënschen ëm d’Liewe komm an zéng weider Persoune blesséiert ginn.
Déi israeelesch Arméi hätt keng Warnung fir déi Attack erausginn.
USA proposéiert Waffestëllstand vu 60 Deeg
Zënter Woche scho gëtt vun den USA eng Waffepaus tëschent Israel an der pro-iranescher Hisbollah gefuerdert. Vill Detailer waren awer am Virfeld awer net bekannt. Um Dësch louch eng Propos vun den USA fir ee Waffestëllstand vu 60 Deeg. Deemno soll Israel sech progressiv aus dem Süde vum Libanon zréckzéien, an déi pro-iranesch Hisbollah Miliz och hir Presenz an Aktivitéiten do op en Enn bréngen.
Zënter dem Ufank vum Krich an der Gazasträif am Oktober zejoert gräift och d’Hisbollah Israel mat Rakéiten un. Zënterhier huet sech d’Situatioun un der israeelesch-libanesescher Grenz verschäerft. Dat virun allem no den déidlechen Attacken op den Hamas-Leader Ismail Hanija an den Hisbollah-Chef Hassan Nasrallah.
Virun zwee Méint huet Israel eng Buedemoffensiv am Süde vum Libanon lancéiert fir op d‘Attacke vun der Hisbollah ze reagéieren.