D‘Geriicht soll sécherstellen, datt bei der geplangter Buedemoffensiv géint déi islamistesch Hamas d‘Rechter vun den Zivilisten net verletzt ginn, fuerdert déi südafrikanesch Presidentschaft. Enn Dezember schonn hat Südafrika virum internationale Geriichtshaff eng Plainte géint Israel agereecht, dat wéinst Vëlkermord géint d’Palestinenser.
Den Internationale Geriichtshaff hat de 26. Januar d‘Gefor vu Vëlkermord an der Gazasträif festgestallt an Israel verflicht, alles ze maachen, fir dat ze verhënneren. D‘UNO an eng Partie Länner hunn Israel haut nach emol ausdrécklech opgefuerdert, keng Buedemtruppen zu Rafah anzesetzen, fir eng weider humanitär Katastroph ze verhënneren.
Wéi den Noriichtesender Al Jazeera mellt, wieren haut zwee vun hire Journalisten duerch eng israelescher Attack an der Géigend vu Rafah schwéier blesséiert ginn. Déi israeelesch Arméi huet sech nach net dozou geäussert.
Iwwer eng nei Waffepaus gëtt verhandelt
Zu Kairo gëtt iwwerdeems op en neits intensiv iwwer eng nei Waffepaus an d‘Fräiloossung vu weidere Geisele verhandelt. Héich Vetrieder aus den USA, Israel, dem Katar an Ägypte gesi sech haut zu Kairo fir weider Verhandlungen ënnert der Vermëttlung vum Katar.
Während der Waffepaus am November zejoert sinn 105 Geisele fräigelooss ginn, déi vun der Hamas festgehale gi sinn, géint 240 palestinensesch Gefaangener. Scho bei där Waffepaus haten Ägypten, Katar an d‘USA vermëttelt.